Op den Inhalt sprangen

Carlos I. vu Portugal

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Carlos I. vu Portugal
Titelen
Kinnek vu Portugal
Zäit 1889 bis 1908
Virgänger Luis I.
Nofollger Manuel II.
Biographie
Gebuer 28. September 1863
Gestuerwen 1. Februar 1908
Papp Luis I. vu Portugal
Kanner Manuel II. vu Portugal
De Monogramm

De Carlos I., gebuer den 28. September 1863 zu Lissabon, an och do den 1. Februar 1908 duerch en Attentat gestuerwen, war vun 1889 bis zu sengem Doud Kinnek vu Portugal a vun der Algarve.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Carlos gouf 1863 als Jong vum Luis I. vu Portugal an der Maria Pia vun der Savoie gebuer, an enger Zäit vu groussen Transformatioun an der europäescher Gesellschaft, gebuer. De republikanesche System huet sech no der franséischer Revolutioun lues a lues doruechter duerchgesat, z.B. huet de Versuch, Mexiko ënner dem Maximilian I. vu Mexiko an eng Monarchie ëmzewandelen, feelgeschloen. De Carlos, als Prënz vun engem dekadente Räich, war sech es bewosst, datt seng Zukunft als Kinnek op wackelege Féiss stéing: e puer vu senge Familljememberen hunn hir Kroun verluer, an och seng eege Fra d'Amelie vun Orléans war eng Nokomme vum ofgesate franséische Kinnek Louis Philippe.

1889 ass dem Carlos säi Papp Luis I. vu Portugal gestuerwen an hie gouf Kinnek. Wärend senger Herrschaft sinn déi republikanesch Stréimungen ëmmer méi staark ginn; och, well de Carlos sech éischter konservativ gewisen huet.

Regizid[änneren | Quelltext änneren]

Illustratioun vum Attentat

Den 1. Februar 1908 koum déi kinneklech Famill an enger oppener Kutsch vun hirer Residenz zu Vila Viçosa op Lissabon zeréck. Dräi Attentäter hunn op si gelauert, an de Carlos an den Trounfollger, de Luis Felipe, erschoss.

En anere Bouf vum Carlos, de Manuel, gouf als Manuel II. neie Kinnek. Ma schonn 1910 gouf d'portugisesch Monarchie fir zerguttst ofgeschaaft.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Carlos I. vu Portugal – Biller, Videoen oder Audiodateien