Carole Linster

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Nuvola apps kuickshow.png Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Carole Linster, gebuer 1978, ass eng lëtzebuergesch Biochemikerin.

Si huet zu Louvain-la-Neuve studéiert an a Biochimie promovéiert (Sujet: D'Entstoe vu Vitamin C bei Mamendéieren).

Mat Hëllef vun enger Bourse vum lëtzebuergesche Fonds national de la recherche ass si op d'University of California in Los Angeles gaangen, wou si am Abrëll 2007 zesumme mat enger Equipe vu Fuerscher ënner dem Steve Clarke d'Enzym "GDP-L-galactose phosphorylase" isoléiert krut, mat Hëllef vun deem d'Planzen de Vitamin C synthetiséieren. Dës 7. Etapp vun der Biosynthes war bis dohin net entziffert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]