Carolyn Steedman

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

D'Carolyn Kay Steedman, gebuer den 20. Mäerz 1947[1], ass eng englesch Historikerin déi sech an hire Wierker net nëmmen einfach mat Geschicht ausenanersetzt, mä och mat Psychoanalys, Politik, Kultur-, Sozial-, a Fallgeschicht (case history) souwéi och dem Feminismus. Si ass zanter der Publikatioun vun hirem Wierk Landscape for a Good Woman: A Story of Two Lives virun allem als féierend Kulturhistorikerin bekannt.[2].

Kandheet a Jugend[änneren | Quelltext änneren]

Duerch der Carolyn Steedman hiert Wierk Landscape for a Good Woman kann ee villes iwwer hir Kandheet gewuer ginn. Bei der Lecture vun dem Wierk, dat virun allem eng Duerstellung vun der Aarbechterklass ass, kann ee séier feststellen, datt si keng einfach, onbeschwéiert Kandheet hat. Ganz am Géigendeel. Dobäi muss een awer soen, datt si net ënner Aarmut oder soss enger Nout gelidden huet. Et handelt sech éischter ëm eng emotional Keelt an d'Ofleenung op der Säit vun der Mamm, déi bei hir sëtze blouf. Fir d'Steedman als Historikerin och richteg verstoen ze kënnen, ass et wichteg hir Familljegeschicht ze kennen.

Der Carolyn Steedman hir Mamm Edna, déi 1913 zu Lancashire gebuer gouf, huet schonn als Teenager ugefaange mat schaffen, well si 1927 d'Schoul verlooss hat. Si war Léiermeedchen an enger Botzerei, déi och Gezei geschneidert a gefléckt huet.[3] Allerdéngs huet si ëmmer erëm versicht, aner Aarbechten ze fannen. D'Edna (hire Meederchersnumm gëtt ni ernimmt) huet 1947 d'Carolyn Steedman op d'Welt bruecht. D'Eltere ware du schonn zanter zéng Joer zesumme. 1951 gouf hir Schwëster gebuer. No der Gebuert si se vun engem Appartement zu Hammersmith an en Haus zu Streatham Hill, allebéid Quartiere vu London, geplënnert.[4]

Iwwer der Steedman hire Papp, den Ellis, gëtt een nëmme ganz wéineg gewuer. Hie koum vu London. Wat hie geschafft huet, éier s'op Streatham geplënnert sinn, gëtt een net richteg gewuer. Opgrond vu verschiddenen Indice kéint een awer soen, datt hien héchstwahrscheinlech Handwierker war. Hien huet eng Plaz an enger Firma fonnt, wou hien als Heizungstechniker geschafft huet.[5] De Papp war nëmme bis zu der Carolyn Steedman hirem 4. Liewensjoer ee feste Bestanddeel vum Stot. Bis dohin huet e sech ëmmer relativ gutt ëm si gekëmmert a si haten eng gutt Bezéiung. Nodeem hien de Stot verlooss hat, hu sech och d'Gefiller vum Carolyn Steedman fir hie verännert. D'Edna war dunn eng elengerzéiend Mamm, mä u sech war de Papp ni komplett ewech an huet Sue geschéckt. D'Mamm hat souwisou scho virdru vill Muecht am Stot. Am Géigesaz zu villen anere Famillen hunn d'Steedmans net an enger richteger Patriarchie gelieft.[6]

D'Carolyn Steedman huet misse fréi mat am Stot hëllefen an huet mat 15 Joer samschdes geschafft fir sech Gezei kafen ze kënnen. 1958 hat si déi sougenannt „eleven-plus class“ gepackt an ass op eng „Grammar school“ gaangen. Si hat scho ganz fréi eng Passioun fir Literatur a Poesie.[7] Scho mat 6 Joer huet si vill Bicher ganz séier gelies.[8] Si huet och laang sonndes d'Kannermass besicht, mä wéi et dunn zur Confirmatiounsvirbereedung koum, huet hir Mamm si net méi goe gelooss. Eréischt méi spéit an hirem Liewen huet si de Grond dofir erausfonnt.[9]

Nodeem de Papp de Stot verlooss hat, (obwuel hien ëmmer erëm fir e puer Deeg zréckkomm ass) huet d'Mamm nei Aarbechten ugeholl. Ab 1956 huet si owes an enger Espressobar geschafft, an där si Iesse gemaach huet. 1958, mat 45 Joer, huet si déi éischt Kéier e richtege Cours beluecht, an huet een Diplom fir Manikür kritt. Vun do un huet si, wéi si selwer behaapt huet, nëmmen op gudde Plazen, fir räich Leit geschafft.[10] Datt si eigentlech zur Aarbechterklass gehéiert huet, huet si ni zouginn a wollt et och net akzeptéieren. Och hir Vergaangenheet, déi net einfach war duerch de fréien Doud vun hirem Papp am Éischte Weltkrich, konnt si ni richteg unhuelen. Souwäit sech d'Carolyn Steedman erënnere kann, wollt d'Mamm ëmmer erëm Saachen, déi si net kréie konnt. Ëmmer huet si sech vun hire Wuerzelen distanzéiere wëllen an huet dat Verlaangen no méi, dat hir Prioritéit am Liewe war, no vir bruecht.[11]

D'Edna huet hire Kanner ëmmer konnten Iesse ginn, mä si huet sech just op dat Néidegst konzentréiert an hinnen eng bestëmmt Diät mat nëmme Geméis an Uebst ageimpft. Ëmmer erëm gouf de Kanner kloer gemaach, datt si eng Laascht wieren an datt d'Mamm sech fir si affere géif.[12] D'Edna huet dem Carolyn agetriichtert, datt et e glécklecht Meedche wier, dat dankbar soll si fir dat, wat d'Mamm fir et mécht. D'Edna huet sech selwer als „gutt Mamm“ bezeechent. Mä der Carolyn Steedman ass séier kloer ginn, datt dat sou net stëmme géif.[13]

Spéidert Liewen a Carrière[änneren | Quelltext änneren]

Enthüllungen a Bezéiung zur Mamm[änneren | Quelltext änneren]

Am Erwuessenenalter ass d'Carolyn Steedman vill Saache gewuer ginn, déi hir Eltere wollte vertuschen. Hir Mamm huet hir z. B. ëmmer gesot, datt si am Géigesaz zu hirer Schwëster gedeeft gi wier. Mä nodeem d'Mamm gestuerwe war, huet si erausfonnt, datt dat net gestëmmt huet; hir Sich no engem Dafschäi war ouni Resultat.[14] En anert wichtegt Geheimnis ass d'Carolyn Steedman 1977 gewuer ginn, wéi de Papp gestuerwen ass. Hir Eltere waren ni bestuet gewiescht, an dobäi huet si an hir Schwëster korrekt Gebuertsschäiner, obwuel et an deem Fall net sou sollt sinn. Dat beonrouegt d'Historikerin och nach haut, virun allem wéinst der Plausibilitéit vun Dokumenter an hirem historesche Wäert. Den Ellis war mat enger anerer Fra bestuet gewiescht, déi hien awer verlooss hat wéi d'gemeinsam Duechter 2 Joer al war. Also huet d'Steedman souguer nach eng Hallefschwëster.[15]

Et gëtt der Steedman bewosst, dat si fir hir Mamm nëmme virun der Gebuert vun Notze war, fir vum Staat Hëllef ze kréien a fir den Ellis u si ze bannen. D'Carolyn war mat der Zäit zu enger Barrière fir d'Mamm ginn, déi hiert Zil, den Ellis zur Hochzäit ze zwéngen, net erreecht huet. Virun allem de Saz „Never have children, dear; they ruin your life“, deen d'Edna zum Carolyn an der Kandheet gesot huet, huet si beaflosst.[16]

D'Bezéiung zur Mamm huet sech mat de Jore verschlechtert. D'Carolyn Steedman hat laang kee Kontakt méi mat hir. Si huet se 9 Joer laang net méi gesinn, huet se dann awer 2 Woche virun hirem Doud besicht. Déi eenzeg Ausnam war dem Ellis säi Begriefnes, 1977. Wéi si dann no 9 Joer hir Mamm gesinn huet, huet si se mat enger Hex verglach (vum Ausgesinn hier).[17] De Kriibs hat d'Edna geschwächt a verännert. Wéi et hirer Mamm an hire leschten Deeg gaangen ass, a wéi se da schlussendlech gestuerwen ass, gouf d'Historikerin nëmmen duerch Familljemembere gewuer.[18]

Déi schwéier Bezéiung mat der Mamm huet d'Historikerin staark an hirer Schreif- an Denkweis markéiert.

Carrière[änneren | Quelltext änneren]

Vun 1965 bis 1968 huet si zu Sussex Geschicht studéiert. Duerno huet si zu Cambridge hir Dokterthes geschriwwen, mam Titel The Formation of English Provincial Police Forces, 1856-1880, déi si dann eréischt 1984 ënner dem Titel Policing the Victorian Community publizéiert huet. Si huet allerdengs hir Carrière net direkt an enger Universitéit gemaach, mä huet sech fir d'éischt ausserhalb eng Reputatioun als Historikerin erschafft.[19]

Vun 1974 bis 81 huet si als Primärschoulsjoffer geschafft. 1984 gouf si Deel vun der Redaktioun vun der Zäitschrëft History Workshop Journal a gouf och Deel vu verschiddene Kreesser, ënner anerem engem feministesche Krees. Si huet des Weideren och nach am London Institute of Educatioun zwee Joer laang un engem Rechercheprojet iwwer Bilinguismus matgemaach. 1984 huet si och nach kuerz op der University of Warwick geschafft. 1994 huet si schliisslech dës Universitéit als fest Aarbechtsplaz gewielt a krut eng eege Professur. Vun 1984 bis 1994 huet si onofhängeg vun iergendenger Universitéit, permanent recherchéiert a geschriwwen.[19]

Si schafft nach haut an der Warwick University als Historikerin a gëtt Coursen zur Geschicht am Zesummenhang mat Literatur souwéi och ee Cours an Historiographie. Si gëtt op hirer Websäit un, datt si soss ëmmer iwwer d'19. an d'20. Joerhonnert recherchéiert huet, mä datt si es elo genuch mat deenen Epoche gehat hätt a sech elo éischter mam 18. Joerhonnert beschäftege géif. Zentraalt Theema ass dobäi d'Déngschtpersonal, deen hirer Meenung no ze wéineg erfuerscht wier.[20]

Wichteg Influenzen[änneren | Quelltext änneren]

D'Steedman setzt sech an hirem Wierk Landscape for a Good Woman mat ville verschiddene Beräicher an Auteuren auserneen. Wéi schonn uewen uginn, ass si och Sozialhistorikerin a beschäftegt sech mat der Aarbechterklass an England. E wichtege Personnage an dësem Zesummenhang ass de britteschen Historiker Edward Palmer Thompson, dee sech virun allem mat Sozialgeschicht ausernanersetzt. Säi Wierk The Making of the English Working Class spillt fir d'Carolyn Steedman eng zentral Roll. Weider Auteuren am Zesummenhang mat der Aarbechterklass sinn de Richard Hoggart an den Jeremy Seabrook.[21]

Henry Mayhew[änneren | Quelltext änneren]

Den Henry Mayhew, een englesche Sozialfuerscher, huet eng besonnesch grouss Influenz op d'Steedman. Et geet dobäi net ëm de Mayhew selwer, mä éischter ëm ee Personnage aus sengem Wierk London Labour and the London Poor.[22] Et handelt sech ëm d'watercress girl, e ganzt aarmt Meedchen, dat mat 8 Joer eleng duerch London zitt, och am batterkale Wanter, fir Burekascht (Nasturtium officinale R. Br:) ze verkafen. D'Carolyn Steedman entwéckelt eng ganz besonnesch Bezéiung zu deem Meedchen, si gesäit sech quasi wéi eng Mamm fir dës Persoun. Dobäi huet si refuséiert, jeemools Mamm ze ginn. D'Steedman gëtt selwer un, dat dee Refus vun der schlechter Bezéiung zu hirer eegener Mamm kënnt.

D'Carolyn Steedman identifizéiert sech souguer mat deem Personnage, enger historescher Figur. Dobäi trennen ëm déi 100 Joer déi zwou Persounen. D'Steedman vergläicht d'watercress girl mat engem Geescht deen an hire Wierker ronderëmgeeschtert an no Erënnerung verlaangt. Fir si ass et wéi wann dat Meedchen an der Vergaangenheet drop waarde géif, fonnt ze ginn an Hëllef ze kréien, geneesou wéi der Steedman hir Kandheet, déi hirer Meenung no och fonnt a gerett misst ginn.[23]

Am Géigesaz zum Henry Mayhew betruecht si dat aarmt Meedchen net einfach wéi een Objet fir hir Recherche, mä identifizéiert sech deelweis mat him a fillt Verantwortung fir hatt.[24] D'Carolyn Steedman bestätegt datt si unhand vum watercress girl hirer Mamm Edna hir emotional Keelt kompenséiere kann, andeems si an hirer Fantasie d'Mammeroll fir d'Meedchen iwwerhëlt.[25] Si beweist unhand vun deem Personnage, datt psychoanalytesch Strukture fir een Historiker wichteg sinn, si intervenéieren an hirem Effort fir d'Vergaangenheet sou ze betruechte wéi se war.[26]

Sigmund Freud[änneren | Quelltext änneren]

Eng weider Quell fir der Steedman hir Analysen ass de Sigmund Freud. An hirem Wierk Landscape for a Good Woman beschäftegt si sech och mat Psychoanalys a setzt sech virun allem mam Fall vum Dora auserneen.[27]

Hans Christian Andersen[änneren | Quelltext änneren]

Ganz wichteg ass och den Hans Christian Andersen. Schonn als Kand huet d'Carolyn Steedman seng Wierker gelies a Vergläicher gezunn. D'Schnéikinnigin an Déi kleng Mierjoffer (da: Den lille Havfrue) spillen eng zentral Roll an der Steedman hirer Kandheet. D'Historikerin huet sech als Kand mam Kay aus der Schnéikinnigin verglach. Dobäi ass et interessant ze bemierken, datt si mam zweete Virnumm och Kay heescht. Si huet sech och wéi dee Jong gefillt, deen eng Spläiter vun engem Spigel an d'Häerz krut. Och si hat d'Gefill datt hir Mamm hir sou eng Spläiter an d'Häerz geluecht hätt. Et kéint, der Victoria Rosner no, d'Symbol fir d'Ofneigung géintiwwer der Mamm an och vun der Schold sinn.[28]

D'kleng Mierjoffer huet si als Geschicht geholl, fir d'Mamm duerzestellen. Genee wéi d'Mierjoffer, géif d'Mamm d'Messer géint sech riichten a sech fir hir Kanner opafferen. Just datt an dësem Fall, wéi d'Steedman selwer bekennt, keng richteg Léift fir d'Kanner existéiert a si just duerch hir Reprochen un d'Kanner dat Bild an hirem Kapp geschaf huet.[29]

Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • The Tidy House: Little Girls Writing (Virago 1982).
  • Policing the Victorian Community (Routledge and Kegan Paul 1984).
  • Landscape for a Good Woman. A Story of Two Lives (Rutgers University Press 1986).
  • The Radical Soldier's Tale: John Pearman, 1819-1908 (Routledge 1988).
  • Margaret McMillan. Childhood, Culture and Class in Britain (Virago 1990).
  • Strange Dislocations. Childhood and the Idea of Human Interiority, 1780-1930 (Virago 1995).
  • Dust (Rutgers University Press 2001).
  • Master and Servant. Love and Labour in the English Industrial Age (Cambridge University Press 2007).

Präisser[änneren | Quelltext änneren]

  • 1983 krut si de Fawcett Society Book Prize fir d'Buch The Tidy House.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Eley Geoff, A Crooked Line. From Cultural History to the History of Society. Michigan 2005.
  • Steedman Carolyn, Landscape for a Good Woman. A Story of Two Lives.New Brunswick / New Jersey 3. Aufl. 2008.
  • Rosner Victoria, Have You Seen This Child? Carolyn K. Steedman and the Writing of Fantasy Motherhood. In: Feminist Studies 26 (2000), S. 7-32.
  • Startup Hetty, Landscape for a Good Woman. In: Oral History 15 (1987), S. 60-62.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. C.v. op der Websäit vun der University of Warwick
  2. Eley Geoff, A Crooked Line. From Cultural History to the History of Society. Michigan 2005, S. 174.
  3. Steedman Carolyn, Landscape for a Good Woman. A Story of Two Lives. New Brunswick / New Jersey 2008, S. 101.
  4. Steedman Carolyn, Landscape for a Good Woman, S. 49-50.
  5. Steedman Carolyn, S. 34-35.
  6. Steedman Carolyn, S. 35-38.
  7. Steedman Carolyn, S. 143.
  8. Steedman Carolyn, S. 46.
  9. Steedman Carolyn, S. 40.
  10. Steedman Carolyn, S. 37.
  11. Steedman Carolyn, S. 108-109.
  12. Steedman Carolyn, S. 12.
  13. Steedman Carolyn, S. 30.
  14. Steedman Carolyn, S. 71.
  15. Steedman Carolyn, S. 39.
  16. Rosner Victoria, Have You Seen This Child? Carolyn K. Steedman and the Writing of Fantasy Motherhood. In: Feminist Studies 26 (2000), S. 17.
  17. Steedman Carolyn, S. 140-142.
  18. Steedman Carolyn, S. 1.
  19. 19,0 19,1 Eley Geoff, A Crooked Line, S. 172.
  20. Warwick University.
  21. Startup Hetty, Landscape for a Good Woman. In: Oral History 15 (1987), S. 60.
  22. Rosner Victoria, Have You Seen This Child?, S. 7.
  23. Rosner Victoria, S. 13-14.
  24. Rosner Victoria, S. 19.
  25. Rosner Victoria, S. 23.
  26. Rosner Victoria, S. 11.
  27. Startup Hetty, Landscape for a Good Woman, S. 61.
  28. Rosner Victoria, S. 24.
  29. Rosner Victoria, S. 24-25.