Centre hospitalier du Nord
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Centre hospitalier du Nord | |
---|---|
D'Spidol zu Wolz | |
Basisdonnéeën | |
Address: | Ettelbréck: 120, avenue Salentiny L-9080 Ettelbréck Wolz: 10, rue Grande-Duchesse Charlotte L-9515 Wolz |
Typ: | Ëffentlech |
Grënnungsjoer: | 1. Januar 2010[1] |
Better: | 357 (201?)[2] |
Mataarbechter: | + 1.000 (201?)[2] |
dovun Doktoren: | 134 (201?)[2] |
Websäit: | www.chdn.lu |
De Centre hospitalier du Nord (kuerz: CHdN) ass e Spidol am Norde vu Lëtzebuerg. Et ass 2010 duerch d'Fusioun vun der Clinique Saint-Joseph zu Wolz an dem Hôpital Saint-Louis zu Ettelbréck entstanen.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Geschicht vum Wolzer Spidol
[änneren | Quelltext änneren]Dat éischt Spidol zu Wolz ass 1596 gegrënnt ginn. 1937 ass no véier Joer Bauzäit d'Clinique Saint-Joseph op der Plaz vum aktuelle Spidol opgaangen. Si hat deemools 62 Better. An den 1970er gouf se neigebaut an huet 1977 mat 106 Better hir Dieren opgemaach[1].
Geschicht vum Ettelbrécker Spidol
[änneren | Quelltext änneren]1855 ass an eidele Raim vun der Ettelbrécker Kasär e Fleegeheem entstanen.[3]
Fusioun
[änneren | Quelltext änneren]Den 20. Abrëll 2009 gouf an der Chamber e Gesetz gestëmmt, deem säin Zil d'Zesummeféiere vum Wëlzer an dem Ettelbrécker Spidol war.[2] Tëscht 2011 an 2015 sinn d'Gebaier zu Wolz fir bal 25 Milliounen Euro renovéiert a moderniséiert ginn.[4]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 Geschichte des CHdN Wiltz op der Websäit vum Spidol (gekuckt den 10. Mee 2015)
- ↑ 2,0 2,1 2,2 2,3 Geschichte Centre Hospitalier du Nord op der Websäit vum Spidol (gekuckt den 10. Mee 2015)
- ↑ Geschichte des CHdN Ettelbruck op der Websäit vum Spidol (gekuckt den 10. Mee 2015)
- ↑ Le Quotidien: Wiltz – Le centre hospitalier du Nord modernisé (8. Mee 2015)