Op den Inhalt sprangen

Champagne (Wäin)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Champagner)
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Champagne oder Schampes, wéi en zu Lëtzebuerg genannt gëtt an enger Flute zerwéiert
Den Dom Pérignon, deen zur Entwécklung vum Schampes vill bäigedroe soll hunn

De Champagne ass e Schaumwäin, deen an der Fläsch eng zweet Gärung matgemaach huet, deen am Glas Bulle mécht an deen eng Partie vu Krittären erfëlle muss:

  • wat d'Regioun, wou e produzéiert gëtt,
  • wat déi verschafft Drauwenzorten an
  • wat d'Produktiounsmethod ugeet.

Dat heescht, datt en opgrond vun dräi mat der Hand geliesenen Drauwenzorten, Pinot noir, Pinot meunier a Chardonnay, an der Champagne nom Prinzip vun der Fläschegärung, (Méthode champenoise) produzéiert muss ginn. Den Ausdrock Champagne ass international gesetzlech geschützt an däerf, wann dës Viraussetzungen net erfëllt sinn, och net gebraucht ginn. Neierdengs huet déi Bréisseler Kommissioun och, op Dränge vu Frankräich, de Begrëff Méthode Champenoise fir déi Schampesse reservéiert, déi aus der franséischer Champagne kommen.

Zu Lëtzebuerg gouf et laang Mousseux, dee mat dem Ënnertitel "Méthode Champenoise" op de Maart komm ass. No der Interventioun vun de EU-Kommissioun, koum no laangem Hin an Hier den Numm Crémant zu Lëtzebuerg op. An Däitschland geet rieds vu Sekt an an Italie vu Spumante.

Fréier gouf de Champagne bei freedege Geleeënheete gedronk. Haut gëtt en als Aperitif oder iwwer Dësch wéi een normaalt Gedrénks zerwéiert. Nieft dem Champagne a sengen Derivaten, gëtt et och nach Perlé (Vin perlé op frans.). Dat ass Wäin dee sprëtzeg ass, well him am Faass oder an engem Behälter Kuelesaier bäigemëscht gouf.

De Schampes gëtt et schonn zanter e puer Joerhonnerten, allerdéngs war et uganks eng abenteuerlech Affär, well vill Fläschen, déi nach net déi selwecht Qualitéiten hate wéi haut, geplatzt sinn. Bekannt war zum Beispill an der Champagne, also tëscht Reims an Épernay, datt de Wäi vun do eng natierlech Tendenz hat, spruddeleg ze sinn. Allgemeng gëtt gesot dat den Dom Pérignon (1640 - 1716), e schampesfeste Pater, ënner anerem wat d'Wëssen ëm de Schampes ugeet, ee vun de grousse Virleefer vun der Schampesproduktioun war.

Commons: Schampes – Biller, Videoen oder Audiodateien
Schampesstëpp