Chasma Boreale

Vu Wikipedia
Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.
Gruef um Mars
Chasma Boreale
3D-Kaart, berechent aus Daten (Foto: Mars Global Surveyor.
Koordinaten 83° N, 47,1° W
Längt 460 km
Déift zirka 1400 m
Regioun Mare Boreum
Genannt nom
Divers -

De Chasma Boreale ass e 560 Kilometer laange Canyon op der nërdlecher Polkap vum Planéit Mars. E läit am Planum Boreum op 83° nërdlecher Breet a 47,1° westlecher Längt (respektiv op 312,9° Längt).

Etymologie[änneren | Quelltext änneren]

De Begrëff Chasma Boreale leet sech vum laténgesche Substantiv chasma ("Gruef", "déif Spléck") a vum Adjektiv borealis ("nërdlech") of, a bedeit also nërdleche Gruef. Am Algriicheschen gëtt et d'Verb chainein ("sech grouss opmaachen", "gaapsen"). Borealis dogéint leet sech vum griichesche Gott vum Nordwand, dem Boreas, of.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Chasma Boreale, opgeholl vum HiRISE. Op der Säitewand vum Canyon sinn d'Nordpol- Schichtoflagerunge schéin ofgeschloss.
De Canyonrand vum Chasma Boreale, opgeholl vum Mars Reconnaissance Orbiter. Däitlech z'erkenne sinn déi iewescht hell Schichtoflagerungen an drënner déi donkel Lage vun der Basaleenheet BU, déi aus enger Wiessellagerung vun Äis a Sand opgebaut sinn.

Dat ronn 100 Kilometer breet a 1400 Meter déift Chasma Boreale huet sech op 460 Kilometer déif an déi nërdlech Äiskap ageschnidden. Doduerch goufen op de Säitewänn d'Schichtoflagerungen déi aus dem spéiden Amazonium stame fräigeluecht. D'Schichtoflagerunge sinn eng Wiesselfolleg aus Waasseräis a stëbsräiche Lagen, déi op stänneg Stëbsstierm zeréckzeféiere sinn. D'Stëbslage si meeschtens donkel bis schwaarz gefierft, kënnen awer och opfalend rout Faarftéin hunn. Fir d'Rekonstruktioun vum Paleoklima um Mars dierften d'Wiessellagen aus Äis a Stëbs wäertvoll Hiweiser liwweren.

Um Dallbuedem sinn Dünen, déi vum Wand als besonnesch Sedimentstrukture geformt sinn. Dernieft sinn och nach stroumlinnefërmeg Objeten a Kanäl z'erkennen. Ganz opfälleg sinn zwou kraterfërmeg Depressiounen um proximalen Enn vum Chasma (bei 84° N an 0° Längt), déi duerch e lokaalt Virréckle vun der Äiskap vunenee getrennt ginn. D'Kratere hunn déi Hesperesch Schichtformatioun Hpu fräigeluecht, déi däitlech deem bis zum Dallausgank liicht géiem Dallbuedem ënnerläit. D'Enn vum Dallbuedem (bei 79° N an 55° Längt) bilt e Lobus, deem säi Rand sech 300 Meter iwwer déi virlagernd, Polygone bildend Vastitas-Boreale-Formatioun vum nërdlechen Déifland hieft. De Lobus dréngt 100 bis 150 Kilometer an d'Virland eran. Him vorgelagert sinn ettlech Kegelstrukture virgelagert, déi als Vulkane ugesi goufen, souwéi e puer Sicheldünefelder vun der Eenheet lApd.

Entstoen[änneren | Quelltext änneren]

Verschidde Wëssenschaftler deiten de Chasma Boreale als Gletscherlafstruktur, déi dann an hirem Spéitstadium vun de katabatesche Fallwande vun der Äiskap an Sublimatiounsprozesser morphologesch iwwerpräegt goufen. Zu der Verflëssegung vun der Äissuel féierend Schmëlzprozesser ware scho vun aner Wëssenschaftler a Betruecht gezu ginn. Spekulativ bleift d'Ursaach vum Schmëlzvirgank. A Betruecht kommen Vulkanismus, Meteorittebombardement, gravitatiivt, duerch d'Iwwerlaascht vum Äis bedéngtes Schmëlzen oder eng méiglech Kombinatioun vun dësen Aflëss. De Schmëlzwaasserduerchbroch muss op jiddefall gigantesch gewiescht sinn. Mam Erreeche vum Déifland reduzéiert sech de Waasseräisstroum a breet sech fächerfërmeg aus. De Floss koum schliisslech opgestaut an engem risege Séi zum Stoen an hat eng héich Sedimentoflag hannerlooss. Ettlech kleng Chasmata an der Noperschaft ginn och esou ugesinn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie