Chaumont (Vaux-sur-Sûre)

Vu Wikipedia
Chaumont
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Lëtzebuerg
Arrondissement Baaschtnech
Gemeng Vaux-sur-Sûre
Awunner 34 (2012)
Koordinaten 49° 55’ 11.99’’ N
      05° 40’ 19.14’’ O
Postcode 6640

Chaumont ass eng Uertschaft an der belscher Gemeng Vaux-sur-Sûre an der Provënz Lëtzebuerg.

Chaumont dat aus enger gudder Dosen Haiser, meescht Bauerenhäff besteet, läit am Dall vum Grandru, engem Niewefloss vun der Strange.

Chaumont ass aus dem Zweete Weltkrich bekannt well sech do bei der Befreiung vu Baaschtnech eng vun de gréisste Panzerschluechte vun der Ardennenoffensiv ogespillt huet. Fir un déi Evenementer z'erënnere krut déi eenzeg Strooss am Duerf den Numm vum Colonel H. Cohen. Am Duerf krut eng Plaz den Numm vum Generol A. Irzik, mat Informatiounstafel an Erënnerungsplack an op der Plaz bei der historescher Buch just viru Chaumont, wann ee vu Burnon kënnt, wou dem Irzyk säin Tanks ofgeschoss gouf, steet och en Informatiounspanneau iwwer déi Zäit.