Choeur Robert-Schuman

Vu Wikipedia

Choeur Robert-Schuman a.s.b.l. ass e Veräi mat Sëtz an der Stad Lëtzebuerg, deen am Joer 2010 gegrënnt gouf[1], fir als Träger vum Robert-Schuman-Chouer ze fungéieren.

Objete vum Veräin[änneren | Quelltext änneren]

  • d'Zesummenaarbecht tëscht de Membersorganisatioune fërderen;
  • dem Robert-Schuman-Chouer bei der Ëmsetzung vu senge Projete zur Säit stoen;
  • d'Opstelle vu Partenariater mat wichtege Kultur- a Museksträger aus der Groussregioun am Geescht vun der europäescher Konstruktioun.

Organisatioun vum Veräin[änneren | Quelltext änneren]

Nieft dem Verwaltungsrot gëtt et nach zwéi Comitéen:

  • de kënschtleresche Rot (Comité artistique), deen den artistesche Projet vum Chouer definéiert an dem Verwaltungsrot proposéiert, d'musikalesch Programmer opstellt, d'Jugendlecher rekrutéiert an de chargé de mission proposéiert, deen d'Projete soll administrativ a finanziell begleden;
  • de Rot vun de Jugendlechen (Comité des jeunes), deen ë. a. Projetspropositioune ka maachen a wärend de Projete bestëmmt Funktiounen iwwerhuele kann.

Presidente vum Veräin[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Cf. Grënnungsstatute vum 5. Juli 2010, publizéiert am Mémorial C 1630: 78201-78205 vum 11.August 2010.