Marco Battistella

Vu Wikipedia
Marco Battistella
Gebuer 12. Oktober 1986
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Museksproduzent, Touningenieur

De Marco Battistella, gebuer den 12. Oktober 1986 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergeschen Touningenieur a Museksproduzent, dee sech op Opname vu Concerten, CD-Produktiounen a Live-Iwwerdroungen am klassesche Beräich, am Jazz an am Blues spezialiséiert huet.

Formatioun[änneren | Quelltext änneren]

Als Jong vun engem Orchesterdirigent ass de Marco Battistella fréi mat klassescher Musek a Kontakt komm. Mat véier Joer huet hie Coursen am Violoncello kritt. De Battistella ass dunn am Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg ugeholl ginn an huet do seng musikalesch Ausbildung kritt. D'Schwéierpunkte louchen dobäi an der Musekstheorie, Saxophon, Kierchenuergel, Gesang, Gregorianesch Gesäng, Chouer a méi spéit och Operegesang. Nom Ofschloss am Conservatoire ass hien dunn op Wien gewiesselt fir seng Ausbildung weiderzeféieren.

Musikalesch Karriär[änneren | Quelltext änneren]

No senger Schoulausbildung zu Wien huet de Battistella mat der Produktioun vu klassescher Musek a vun Jazz & Blues ugefaange mat de Schwéierpunkten op Livesendungen, Opname vu Concerten a Produktioun vun CDen a Museksvideoen.

Nieft senger fräiberufflecher Aarbecht als Produzent an Touningenieur schafft de Marco Battistella am Lorely-Saal zu Wien, wou hie virun allem fir Kënschtler aus Däitschland, Frankräich, Éisträich an Norwege schafft.

Als Professer bilt hien zënter 2012 am Bundesoberstufenrealgymnasium für Musik und Kunst Hegelgasse Schüler am Beräich Musek, Informatik an Tountechnik aus. Donieft ass de Battistella Dozent um SAE Institut zu Wien, wou hie Virliesungen an de Fachberäicher Stereophonie, Musekstheorie a Psychologie am Opnamraum hält.

Zënter 2008 ass de Marco Battistella Member vum Wiener Singverein.

Donieft ass hien zënter 2011 Member vun der Audio Engineering Society(AES), zënter 2015 Member am P&E Wing vun der National Academy of Recording Arts and Scienes (NARAS)a Jury-Member vun de Grammy Awards. Zanter 2017 ass hie Member beim Verband der deutschen Tonmeister.

Produktiounen[änneren | Quelltext änneren]

De Marco Battistella huet mat bekannten Dirigenten, Orchesteren, Chéier a Solisten zesummegeschafft, wéi Ádám Fischer, Valery Gergiev, Eliahu Inbal, Pinchas Zukerman, Sascha Goetzel, Gustavo Gimeno, Wiener Staatsopernchor, Wiener Singverein, Signum Quartett, Wiener Comedian Harmonists, Elisabeth Leonskaja, Mischa Maisky, an de Frank Peter Zimmermann. Donieft schafft hien och mat bekannte Labelen zesummen, ënner anerem Naxos, Hänssler, Classic, Rubicon, Untitel Classica an Oehms Classics.

Déi lescht Produktioune sinn (Stand: 2020)

  • 2023: Staatstheater Cottbus, Karl Berkel, Philippe Schwartz: Luxembourg Contemporary Music, Vol. 2 (Naxos)
  • 2023: Jean Muller, MOZART, W.A.: Piano Sonatas (Complete), Vol. 4 (Hänssler Classics)
  • 2022: Beata Szalwinska, Alexander Anisimov: Rachmaninoff-Romances (Hänssler Classics)
  • 2021: Solistes Européens Luxembourg, Christoph König: Luxembourg Contemporary Music Vol.1 (Naxos)
  • 2020: Kerry Turner, TURNER, K.: Horn Works (Complete), Vol. 1 (Naxos)
  • 2020: Hélène Boulègue, JOLIVET, A.: Flute Works (Complete), Vol. 2 (Naxos)

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

  • International Classical Music Awards Nomination 2016, 2017, 2018, 2019, 2020, 2021, 2022, 2023
  • Pizzicato (Magazin) Supersonic Award 2017, 2018, 2019, 2020, 2022, 2023
  • Fono Forum Stern des Monats II/18
  • Opus Klassik Nominierung 2019, 2020

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]