Robert-Schuman-Chouer
Ausgesinn
De Robert-Schuman-Chouer, op Franséisch Chœur Robert-Schuman an op Däitsch Robert-Schuman-Chor, war e Jugendchouer an der Groussregioun, deen iwwer d'Grenzen erausgaangen ass an deen am Kader vum europäesche Kulturjoer am Summer 2007 entstanen ass. Ëm de Chouer huet sech d'ASBL „Choeur Robert-Schuman“ mat Sëtz an der Stad Lëtzebuerg gekëmmert; de Veräi gouf den 28. Februar 2024 opgeléist.
De Robert-Schuman-Chouer war vun 2012 bis 2016 "Residenzchouer" (Choir in residence) am grenziwwerschreitende Raum Éislek am Kader vun engem Partenariat mat der europäescher wirtschaftlecher Interessevereenegung Islek ohne Grenzen.
Ziler vum Chouer
[änneren | Quelltext änneren]- de Jugendlechen aus der Groussregioun eng musikalesch, vokal a stilistesch Formatioun op héijem Niveau ze bidden;
- ënner de Jugendlechen zukënfteg Kaderen z'entdecken (Chouerleeder, Sänger, Enseignanten a Gesanksformateuren) a si an hirer Entwécklung z'ënnerstëtzen;
- Chouerwierker vu verschiddenste Stiler an Epochen dem Public presentéieren;
- nei Museke fërderen an de Musekspatrimoine vun der Groussregioun bekannt maachen;
- sech un der Konstruktioun vun Europa bedeelegen duerch d'Musek an duerch gemeinsam Projeten