Choeur Robert-Schuman
Ausgesinn
(Virugeleet vu(n) Choeur Robert-Schuman a.s.b.l.)
Choeur Robert-Schuman a.s.b.l. ass e Veräi mat Sëtz an der Stad Lëtzebuerg, deen am Joer 2010 gegrënnt gouf[1], fir als Träger vum Robert-Schuman-Chouer ze fungéieren.
Objete vum Veräin
[änneren | Quelltext änneren]- d'Zesummenaarbecht tëscht de Membersorganisatioune fërderen;
- dem Robert-Schuman-Chouer bei der Ëmsetzung vu senge Projete zur Säit stoen;
- d'Opstelle vu Partenariater mat wichtege Kultur- a Museksträger aus der Groussregioun am Geescht vun der europäescher Konstruktioun.
Organisatioun vum Veräin
[änneren | Quelltext änneren]Nieft dem Verwaltungsrot gëtt et nach zwéi Comitéen:
- de kënschtleresche Rot (Comité artistique), deen den artistesche Projet vum Chouer definéiert an dem Verwaltungsrot proposéiert, d'musikalesch Programmer opstellt, d'Jugendlecher rekrutéiert an de chargé de mission proposéiert, deen d'Projete soll administrativ a finanziell begleden;
- de Rot vun de Jugendlechen (Comité des jeunes), deen ë. a. Projetspropositioune ka maachen a wärend de Projete bestëmmt Funktiounen iwwerhuele kann.
Presidente vum Veräin
[änneren | Quelltext änneren]- 2010-2012: Marco Battistella
- zanter 2013: Jean Wagner
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Cf. Grënnungsstatute vum 5. Juli 2010, publizéiert am Mémorial C 1630: 78201-78205 vum 11.August 2010.