Chrëschtmaart

Vu Wikipedia
De Chrëschtmaart zu Göttingen

E Chrëschtmaart ass e Stroossemaart an de véier Adventswochen, dee mam Feiere vu Chrëschtdag associéiert gëtt. E kënnt ursprénglech aus dem däitschsproochegen Europa, mä haut fënnt ee Chrëschtmäert op ville Plazen op der Welt. Den eelste Chrëschtmaart ass dee vu Bautzen; en ass 1384 fir d'éischt ernimmt ginn. Den Dresdener Striezelmarkt gëtt et zënter 1434.

Zu Lëtzebuerg gëtt et a villen Uertschafte Chrëschtmäert, vun deenen der e puer nëmmen een Dag op sinn an anerer ee Mount laang. Dee gréissten ass de Chrëschtmaart an der Stad Lëtzebuerg, bei deem 2016 op zwou Plazen (der Plëss d'Arem an der Place de la Constitution) 130 Stänn ze fanne waren.[1] Donieft gouf et an der Stad awer ënner anerem och um Knuedler, der Paräisser Plaz a beim Roude Pëtz nach Stänn.[2]

Aner grouss Chrëschtmäert sinn den Escher "Krëschtmoart" virun der Gemeng mat 34 Stänn (2016)[3] an den Déifferdenger Chrëschtmaart, deen och deen eelsten am Land ass.[3],[4] En ass 1977 fir d'éischt gehale ginn.[5]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Chrëschtmäert – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Chrëschtmaart ass op - journal.lu: 23. November 2016
  2. Le Luxembourg prépare Noël (25. November 2015)
  3. 3,0 3,1 wort.lu: Le Krëschtmoart s'est déjà illuminé (21. November 2016)
  4. lessentiel.lu: Was geht am Wochenende in Luxemburg ab? (11. Dezember 2015)
  5. DiffMag N°12 2016, Säit 22