Christian Kauder
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Christian Kauder | |
---|---|
Gebuer |
2. Mee 1817 Ettelbréck |
Gestuerwen |
14. September 1877 Ettelbréck |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Missionnaire |
De Christian Kauder, gebuer den 2. Mee 1817 zu Ettelbréck, a gestuerwen ëm 1877, war e lëtzebuergeschen Theolog a Missionnaire.[1]
1840 gouf hien zum Priister geweit. Hien ass am Joer 1844, nodeems hien ďUerdensgelübde vun den Trappisten geleescht hat, an Amerika ausgewandert. No verschiddene Statiounen, wéi Pittsburgh, New Orleans a Rochester, ass hien aus Krankheetsgrënn aus dem Uerden ausgetratt. Vun 1856 bis 1871 war hien am haitege Kanada Missionnaire bei de Micmacindianer op der Hallefinsel Nova Scotia. Hie gouf vum Ludwig Missions Verein finanzéiert fir e Katchessem an der Mi'kmaw-Hieroglypheschrëft ze verfaassen.[2]
1871 koum hien zeréck op Lëtzebuerg, wou hie bis de 14. September 1877 am 'Zentralhospiz' zu Ettelbréck war, duerno gëllt hien als 'verscholl'.