Christophe Schiltz

Vu Wikipedia
Christophe Schiltz
Gebuer 12. Dezember 1978
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Jurist, Diplomat
Partei LSAP

De Christophe Schiltz, gebuer den 12. Dezember 1978, ass e lëtzebuergesche Jurist, Diplomat a Politiker (LSAP).[1]

Hien ass President vum Staatsrot[2] a Member vum Permanente Schiidsgeriichtshaff vun Den Haag[3]. Gläichzäiteg ass hien Direkter vun der Entwécklungszesummenaarbecht an der humanitärer Aktioun am Ausseministère[4].

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

Berufflech ass de Christophe Schiltz Diplomat am Ausseministère a war Chef vum Service juridique[5]. Vu Februar 2020 u war hien Ministre plénipotentiaire a Generalcoordinateur an der Direktioun vun der Entwécklungszesummenaarbecht an der humanitärer Aktioun[6]. Säit September 2022 ass hien Direkter vun der Entwécklungszesummenaarbecht an der humanitärer Aktioun am Ausseministère[7].

Hie war 2009[8] an 2013[9] Kandidat fir d'LSAP bei de Chamberwalen am Bezierk Zentrum.

Den 28. November 2013 gouf hie vum Grand-Duc als Member vum Staatsrot ernannt.[10] Hien huet domat d'Nofolleg vun der Erna Hennicot-Schoepges, déi am Summer 2013 aus Altersgrënn op hiert Mandat huet misse verzichten[11], ugetratt.[12]

De 7. Abrëll 2021 gouf hien als Nofollger vun der Agnès Durdu zum President vum Staatsrot ernannt[13]. Hien ass de jéngste President an der Geschicht vum Staatsrot[14].

De Christophe Schiltz ass och Member vum Permanente Schiidsgeriichtshaff vun Den Haag.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Lëscht vun den LSAP Kandidate fir d'Parlamentswale vum 20. Oktober 2013 am Walbezierk Zentrum
  2. Conseil d'État - Présidents depuis 1857. Gekuckt de(n) 19. Februar 2024.
  3. Members of the Court | PCA-CPA. pca-cpa.org. Gekuckt de(n) 2020-01-17.
  4. Annuaire des institutions publiques luxembourgeoises. Gekuckt de(n) 19. Februar 2024.
  5. Annuaire vun de Regierungsadministratiounen op der Websäit etat.lu gekuckt de 27.05.2014
  6. Christophe Schiltz nommé coordinateur général. Gekuckt de(n) 19. Februar 2024.
  7. Delano + Paperjam Business Guide. Gekuckt de(n) 19. Februar 2014.
  8. Walresultat Chamberswalen 2009 elections.public.lu
  9. Walresultat Chamberswalen 2013 elections.public.lu
  10. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit conseil-etat.publi.lu gekuckt de 25.12.2013
  11. Méiglech Nofollger vum Erna Hennicot-Schoepges wort.lu
  12. Christophe Schiltz nommé au Conseil d'État paperjam.lu
  13. Marc Hoscheid: Christophe Schiltz: „Eine Politisierung verhindern“ op wort.lu an am Luxemburger Wort vum 19. Abrëll 2021
  14. Christophe Schiltz, nouveau président du Conseil d’État. Gekuckt de(n) 19. Februar 2024.
  15. (fr)Ministère d’État - Promotion générale dans les Ordres nationaux - Nominations. data.legilux.public.lu (25.05.2023). Gekuckt de(n) 23.02.2024.