Cidade Velha

Vu Wikipedia
D'Plaz mam Pelourinho (Stillchen)
Nossa Senhora do Rosário
Haus an der Rua da Banana

Cidade Velha (fréier Ribeira Grande), zanter 2005 offiziell (nees) Ribeira Grande de Santiago, ass eng Stiedche mat ronn 12.000 Awunner am Süde vun der kapverdescher Insel Santiago. Se läit direkt um Mier, op enger Héicht vu 5 m.

Et ass déi fréier Haaptstad vun der Insel, a s'ass wéinst hirer historescher Bedeitung zanter 2009 op der Unesco-Lëscht vum Weltkulturierwen agedroen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

1462 huet den Antonio da Noli Ribeira Grande ("groussen Dall") als kleng Garnisoun opriichte gelosss; et war dëst déi éischt Siidlung um Cap Vert an och déi éischt permanent europäesch Siidlung an den Tropen. Dofir goufe Siidler aus Madeira erbäibruecht.

1466 krut se de kinnekleche Monopol op de Sklavenhandel a gouf doduerch schëtzeg ëmmer méi dichteg. Sklaven aus Guinea-Bissau an aus Sierra Leone goufe vun do aus weider a Brasilien an an d'Karibik "verschéckt". Den Dall vu Ribeira Grande war dobäi eng Zort natierleche Prisong. Fir e bessere Präis ze kréien, hunn d'Händler d'Leit nach séier an der Kierch Nossa Senhora do Rossario deefe gedoen.

1532 gouf d'Uertschaft Bëschofssëtz a krut 1572 offiziell den Titel Stad (Cidade). De Vasco da Gama (1497) an de Christoph Kolumbus (1498) hunn op hiren Entdeckungsreesen do Halt gemaach. 1585 an 1586 huet de Sir Francis Drake d'Stad allkéiers iwwerfall.

Am 17. Jorhonner hat Ribeira Grande eng wichteg Roll als Hafe vun der Portugisescher Indien-Armada, als Tëschestopp fir a Brasilien an am Sklavenhandel gespillt. Domat war et 1712 eriwwer, wéi de Fransous Jacques Cassart d'Stad geplëmmt an zerstéiert huet.

Haut ass Cidade Velha e klengt Fëscherduerf, an den Dall lannscht de Floss gëtt fir den Ubau vu Landwirtschaftsprodukter benotzt wéi Zockerrouer, Kokosnëss a Mangoen.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • De Pelourinho (Stillchen) vu 1512 op der Maartplaz erënnert un d'Geschicht vum Sklavemaart zu Ribeira Grande.
  • D'Kierch Nossa Senhora do Rossario vu 1497,
  • D'Ruine vun der Kierch vum Klouschter vu S. Francisco a vun der Kathedral
  • De Forte Real de São Filipe vu 1587

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Cidade Velha – Biller, Videoen oder Audiodateien