Cité Syrdall

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Cité Syrdall ass eng Cité riets a lénks vun der Sir zu Wecker (Gemeng Biwer) op der Grenz mat Manternach.

Well an der Zäit wéi d'Cité gebaut gouf, d'Sir op där Plaz d'Gemengegrenz gebilt huet, louch d'Cité deemools op der Sektioun Wecker vun der Gemeng Biwer (riets vun der Baach) an op der Sektioun Manternach vun der Gemeng mam selwechten Numm (lénks vun der Baach). Beim Remembrement vun 1998[1] gouf d'Gemengegrenz an deem Eck geännert, soudatt d'Cité vun do u ganz op Wecker Terrain läit.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

1969 gouf geplangt, am Schlass zu Manternach eng International Academy of Manternach ze schafen, där hiert Fuerschungsgebitt sollt d'Parapsychologie sinn. Well och Wunnenge fir Studente gebraucht géifen, gouf am Sirdall eng Cité geplangt. D'Haiser goufe gebaut, mä mat där "Academy" war et no kuerzer Zäit gedunn.[2] D'Schlass gouf du vum Staat iwwerholl, deen doran en Theraphiezentrum fir drogekrank Matbierger ageriicht huet.[3]

De Promoteur Norabo huet du probéiert déi scho gebaut Wunnengen an e Village de vacances Cité Syrdall z'integréieren, wou et och en Hotel, e Golf- an en Tennisterrain géif ginn. Och do ass näischt draus ginn; 1986 goung Norabo Faillite. D'Wunnenge goufen dunn u privat Leit verkaaft. Well s'um PAG als Fräizäitariichtung deklaréiert sinn, konnten d'Awunner sech net regulär an der Gemeng aschreiwen, keen huet sech fir Servicer wéi d'Dreckskëschten zoustänneg gefillt, asw.[4]

Well och d'Haiser ëmmer méi degradéiert sinn, gouf 1998 en Ëffentlecht Etablissement Fonds d'assainissement de la Cité Syrdall geschaf,[5] mat der Charge, d'Wunnengen ofzekafen a s'a Familljenhaiser ëmzebauen. D'Pläng goufen 2005 gemaach, mä och do ass näischt draus ginn. Déi Wunnengen, déi de Fonds d'assainissement kaf hat, stinn ewell eidel a ginn dacks vandaliséiert. De Fonds gouf dann och 2013 vun der Cour des Comptes kritiséiert, Sue verbëtzt an ongerechtfäerdegt ausginn ze hunn an allgemeng seng Roll net erfëllt ze hunn. Sou gouf keng eenzeg Wunneng expropriéiert, fir se da kënnen an d'Rei ze setzen.[4],[6]

Enn 2012 huet dee Fong en Defizit vu 4.828.216 Euro Opweises, dovun 143.000 € fir d'Membere vum Comité[7] an et ass näischt gemaach ginn.

Gläichzäiteg mam Assainissement sollt och eng Renaturéierung vun der Sir op deem Deel realiséiert ginn, an dat aalt Wier wou lo den Alaf vum Weier fortgeet, sollt ewechgerappt ginn. Soulaang wéi de Fonds d'assainissement net Proprietär vun deem Ganzen ass, läit dee Projet och op Äis.

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

...

Den 9. Juni 2022 huet d'Chamber gréng Luucht gi fir de Projet vum Fonds du Logement An der Schmëtt um Site vun der aler Cité Syrdall, bei deem bis 2028 164 nei Wunnengen entstoe sollen.[8]

Am Oktober 2022 goufe bei Baggeraarbechten um Site vun der fréierer Cité méiglech Iwwerreschter vun der Berbuerger Schmelz fonnt.[9]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Figut, I., 2015. Geplante Sanierung der "Cité Syrdall" in Wecker. Wo hohes Gras über alles wächst.... Luxemburger Wort vum 25. August 2015, S. 20.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Loi du 3 aoûžt 1998 portant modification des limites des communes de Biwer et de Manternach
  2. Zäitzeien.
  3. Manternach: Pour en finir avec la drogue, Le Quotidien, 29. Juni 2012.
  4. 4,0 4,1 "Fonds d'assainissement de la Cité Syrdall", in: Cour des Comptes du Grand-duché de Luxembourg: Rapport spécial sur les établissements publics 2013, S. 8-13.
  5. "Fonds d'assainissement de la Cité Syrdall," Mémorial A n° 107 du 21.12.1998.
  6. Präsenzgeld ohne Präsenz tageblatt.lu 15. Juli 2013
  7. Rapport vun der Chambre des comptes
  8. "Bauprojeten: Gréng Luucht fir "An der Schmëtt", Rallonge fir Ettelbrécker Gare." rtl.lu, 10.06.2022.
  9. Volker Bingenheimer, Gelände der Cité Syrdall in Wecker, Arbeiter entdeckt möglichen Rest von frühem Hüttenwerk, wort.lu [€], 5. November 2022