Cloche d'or

Vu Wikipedia

D'Cloche d'Or ass e Lieu-dit am Stater Quartier Gaasperech.

Geschicht an Origine vum Numm[1]

De fréieren Hotel Cloche d'Or mat senger Schwämm (1973)

Am 3. Joerhonnert n. Chr. gouf et e réimeschen Haff op där Plaz.

1684 hunn dem franséische Kinnek Louis XIV. seng Zaldoten ë. a. do campéiert wéi se d'Festung Lëtzebuerg belagert hunn.

An der Neizäit[Wéini ?] koum en Hotel op déi al Escher Strooss, mam Numm Cloche d'Or, deen dunn der ganzer Plaz den Numm ginn huet. Equipéiert mat engem Restaurant, enger Keelebunn an enger Bausseschwämm, gouf den Hotel séier eng Touristenattraktioun.

Ronderëm den Hotel huet sech vun 1975 un eng Industriezon entwéckelt, mat enger zweeter Entwécklungsphas 1985 während där den Hotel an de Verfall geroden ass.

Zanter der Mëtt vun den 2010er Jore ginn do nei Appartementer, Butteker, eng franséisch Schoul, e Stadion an e grousse Park gebaut.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Ban de Gasperich.
.

Referenzen

  1. Wort: D'Cloche 'Or kënnt an e gëllent Zäitalter