Coco Chanel

Vu Wikipedia
Coco Chanel
am Joer 1931
Gebuertsnumm Gabrielle Bonheur Chanel
Gebuer 19. August 1883
Saumur
Gestuerwen 10. Januar 1971
Hôtel Ritz
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Moudendesigner, Direkter, Modist, Couturier, Costumedesigner
Famill
Liewenspartner(in) Hans Günther von Dincklage

D'Gabrielle Chasnel, genannt Coco Chanel, gebuer den 19. August 1883 zu Saumur a gestuerwen den 10. Januar 1971 zu Paräis, war eng franséisch Moudendesignerin a Geschäftsfra. Si huet an de fréien 1910er Joren de spéidere Moudenimperium Chanel gegrënnt a gëllt als bedeitend Perséinlechkeet an der Geschicht vun der Moud.

Vun 1913 un huet si déi deemools bal revolutionär, funktionell Dammemoud fir selbstbewosst modern Frae matlancéiert. Déi huet sech duerch eng Jupe bis op d'Wueden oder eng laber Box charakteriséiert, mat lasse Gezei fir den Uewerkierper, dat mat engem Rimm zesummegehale ginn ass, an dacks enger Coupe mat kuerzen Hoer.

An den 1920er huet d'Coco Chanel dat "klengt Schwaarz" entwéckelt, e Rack, dee bis haut e Klassiker an der Dammemoud ass. 1922 huet si de Parfum Chanel Nº 5 op de Maart bruecht, deen als de meeschtverkaafte Parfum op der Welt gëllt. Mëtt der 1950er Joren ass hire Chanel-Costume weltbekannt ginn.

D'Coco Chanel war bekannt fir hir Determinatioun, hir Ambitioun an hir Energie, déi si an hirem Beruffs- an och an hirem Privatliewe gewisen huet. Doduerch huet si et souwuel zu finanziellem Erfolleg als Geschäftsfra wéi och zu sozialer Prominenz an der franséischer High Society bruecht, ënner anerem och wéinst de Bekanntschaften, déi si duerch hir Aarbecht geknëppt huet.

Der Coco Chanel hir Entreprise Chanel ass haut weltwäit aktiv. Mat 6,6 Milliarden Euro Joresëmsaz (2014)[1] gehéiert se zu de gréissten a wichtegsten an der Moudebranche.

Wéinst der Influenz vun hirem Wierken, besonnesch wat d'Haute Couture betrëfft, ass si 1999 als eenzeg Persoun vun hirer Beruffsgrupp op d'Lëscht vun den 100 aflossräichste Persoune vum 20. Joerhonnert opgeholl ginn, déi vun der Zäitschrëft Time kompiléiert ginn ass.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Coco Chanel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. lemonde.fr: Chanel en grande forme, Richemont et Prada à la peine (16. September 2015)