Moud

Vu Wikipedia
E Moudendefilé

D'Moud ass e Stil oder eng Praxis, déi wärend enger bestëmmter Zäit an enger bestëmmter Gesellschaft populär ass oder war. Si ännert sech am Laf vun der Zäit. D'Moud betrëfft zum Beispill d'Gezei an aner Accessoiren, déi um Kierper gedroe ginn, mä och den Danz, d'Konscht, oder d'Hausdéieren.

Mat der Moud ginn also generell éischter kuerzfristeg Äusserunge vum Zäitgeescht associéiert. Äusserungen, déi sech iwwer eng méi laang Zäit ewech mat enger positiver Bewäertung hale kënnen, gëllen net als Moud, mä als Klassiker.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Moud – Biller, Videoen oder Audiodateien