Moudendefilé

Vu Wikipedia
E Moudendefilé op der "Fashion Week" vu Sao Paulo (2017)

E Moudendefilé, dacks einfach nëmmen Defilé genannt, ass eng Veranstaltung, bäi där Moudendesigner hir nei Gezei- an Accessoirskollektioune presentéieren. Hiren Zweck ass et, d'Kreativitéit an d'Innovatioun an der Moud ze weisen. Si bidden och en Abléck an déi nei Trends.

Eng Fashion Week ass en Evenement, dat dacks eng Woch laang dauert an an där eng ganz Rei ënnerschiddlech Moudendefiléen an aner Evenementer, déi mat der Moud ze dinn hunn, organiséiert ginn. Als wichtegst "Moudewoche" gëllen déi vu Paräis, Mailand, New York City a London.[1]

Den Ursprong vum Moudendefilé geet bis an d'19. Joerhonnert zeréck, wéi de Paräisser Moudendesigner Charles Frederick Worth als ee vun deenen éischten ugefaangen huet, seng Kreatiounen a klenge private Showen ze weisen.[2] Den éischten ëffentlechen Defilé war an den 1900er Joren. Zënterhier sinn Defiléë wichteg Evenementer an der Moudebranche.

Wärend dem Defilé presentéiere Modelen d'Kleeder op engem Podium, ronderëm deen dacks Zuschauer a potentiell Clientë sëtzen. D'Musek, d'Beliichtung an d'Inzenéierung si suergfälteg ausgewielt fir d'Stëmmung an de Stil vun der Kollektioun z'ënnersträichen.

Moudendefiléë sollen d'Opmierksamkeet vun de Medien, de potenziellen Akeefer an de Moudenenthusiasten op den neien Design lenken. Dat hëlleft den Designeren, hir Produiten ze vermaarten a se esou besser ze verkafen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Moudendefiléen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. britannica.com: Fashion retailing, marketing, and merchandising
  2. metmuseum.org: Charles Frederick Worth (1825–1895) and the House of Worth