Cominotto

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Europa ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Cominotto
Geographie
Land Malta
Läit an/am Mëttelmier
Gehéiert zu Malta, Malteesesch Inselen
Koordinaten 36°0'48"N, 14°19'11"O
Fläch 0,25 km²
Längt 0,596 km
Breet 0,283 km
Verwaltung
Verwaltungseenheet Għajnsielem
Demographie
Awunner 0
Aner Informatiounen
Zäitzon UTC+1

Cominotto (Malteesesch: Kemmunett) ass eng onbewunnten Insel vum Malteeseschen Archipel.

D'Insel déi zur Republik Malta gehéiert ass nëmmen 0,25 km² grouss, besteet just aus engem Fiels a läit ronn 100 m. virun der Westküst vu Comino.

D'Mëttelmier tëscht den zwou Inselen ass nëmmen e puer Zentimeter déif an huet eng Sandplage. Bei Sonn fierft sech d'Waasser stralend blo bis turquoise. D'Malteeser nennen dës Ondéift wéinst der intensiver Verfierwung och d'Blo Lagun. Virun allem an de Summerméint ass d'Insel e beléift Ausfluchszil fir vill Malteeser an Touristen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Cominotto – Biller, Videoen oder Audiodateien