Communauté des transports

Vu Wikipedia
Communauté des transports
(Verkéiersverbond)
Typ Ëffentlecht Etablissement
Grënnungsdatum 29. Juni 2004
Schlussdatum 28. Februar 2021
Sëtz 4, rue Charles Bernhoeft
L-1240 Lëtzebuerg
Leedung Félicie Weycker (Presidentin)
Branche Ëffentlechen Transport
Homepage mobiliteit.lu


De Verkéiersverbond, offiziell Communauté des transports (gekierzt CdT) war en ëffentlecht Etablissement zu Lëtzebuerg, dat 2004 als Régie générale des transports publics gegrënnt gouf[1] an 2021 ofgeschaaft gouf[2].

Zweck[änneren | Quelltext änneren]

De Verkéiersverbond war ë. a. zoustänneg fir d'Entwécklung vum ëffentlechen Transport an anere spuersamen Transportmëttelen, fir eng besser Koordinatioun vun de verschiddene Bedreiwer am Beräich vum ëffentlechen Transport an am Allgemenge fir d'Kommunikatioun an d'Promotioun vum ëffentleche Verkéier. En huet ë. a. eng Telefonszentral fir Informatioun iwwer den ëffentlechen Transport grad ewéi d'Mobilitéitszentral bedriwwen an déi néideg Medie fir elektronesch Fuerplanginformatiounen zur Verfügung gestallt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Mam Gesetz vum 29. Juni 2004 gouf d'Régie générale des transports publics gegrënnt[3], déi 2006 vun der Communauté des transports ofgeléist gouf[4]. 2021 gouf d'Communautéit dunn hirersäits opgeléist an hir Funktioune goufe vun der Administration des transports publics iwwerholl[2].

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. RCS: J65 - Communauté des Transports. lbr.lu. Gekuckt de(n) 26.02.2021.
  2. 2,0 2,1 Loi du 5 février 2021 sur les transports publics. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-02-26.
  3. Loi du 29 juin 2004 sur les transports publics (Art. 6). - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-02-26.
  4. Loi du 25 janvier 2006 modifiant a) la loi du 29 juin 2004 sur les transports publics b) la loi du 4 décembre 1967 concernant l'impôt sur le revenu. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-02-26.