Administration des transports publics

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Administration des transports publics
Typ: staatlech Verwaltung
Grënnung: 05.02.2021
Sëtz: 1 rue Joseph Leydenbach
L-1947 Lëtzebuerg
Branche: Ëffentlechen Transport
Um Spaweck: transports.lu

D'Administration des transports publics, op Lëtzebuergesch Verwaltung vum ëffentlechen Transport, ass eng Verwaltung vum Lëtzebuerger Staat, déi dem Minister ënnersteet deen och fir den Transport zu Lëtzebuerg zoustänneg ass. Am Ament (2021) ass dat de Ministère de la mobilité et des travaux publics (MMTP).

Se gouf mam Gesetz vum 5. Februar 2021 gegrënnt an ersetzt de fréiere Verkéiersverbond[1].

Zweck[änneren | Quelltext änneren]

Am Respekt vun de Gesetzer a Reglementer këmmert d'Verwaltung sech ëm d'Betribsplanung an d'Organisatioun vum ëffentlechen Transport op der Strooss, zu de beschte wirtschaftleche Konditiounen an am Interessi vun de Clienten.

Se ass verantwortlech fir d'Organisatioun, fir d'Administratioun an d'Planifikatioun vun der Fuerpläng a fir d'Kontroll vum ëffentlechen Transport. Se geréiert an optimiséiert den ëffentlechen Transport bannent dem Land, ausser deene Linnen, déi just bannent enger Gemeng oder engem Gemengesyndikat zirkuléieren. Bei de Verbindunge mat de Grenzregiounen, mécht se dat zesumme mat den zoustännegen auslänneschen Autoritéiten.

Se ass ë. a. och zoustänneg fir d'Clientèle z'informéieren an d'Reklamatiounen ze traitéieren.

Direktioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Administration des transports publics gëtt vun engem Direkter an zwéin Adjointe geleet, déi alleguer vum Grand-Duc ernannt ginn.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Loi du 5 février 2021 sur les transports publics. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-02-26.