Tastatur

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Computertastatur)
E Fanger dréckt eng Tast op enger Computertastatur
Eng Tastatur op enger aler Schreifmaschinn

Eng Tastatur oder e Clavier ass een Apparat oder Deel vun engem Apparat mat Tasten, déi de Benotzer dréckt fir eppes ze steieren. Haut sinn déi meescht Tastaturen elektronesch Tastaturen, obwuel et och mechanesch oder pneumatesch Tastature gëtt.

Vill technesch Apparater hunn eng Tastatur, dorënner Computeren, Schreifmaschinnen, Telecommanden, Telefonen an Handyen.

Och Museksinstrumenter mat Tasten, de sougenannten Tasteninstrumenter, hunn eng Tastatur, déi meescht awer Klaviatur genannt gëtt.

Eng Computertastatur huet am Verglach mat enger Schreifmaschinnentastatur méi Tasten, mat deenen e Computer gesteiert gëtt. Je no Land a Sprooch sinn d'Tasten op der Computertastatur aanescht arrangéiert a beschrëft. Déi Gängest Lay-oute sinn a Westeuropa QWETRY, QWERTZ an AZERTY. Op enger Computertastatur si Buschtawen, Zuelen an aner Symboler, déi "Characters" oder Zeeche genannt ginn. D'Computertastatur ass de geleefegen Input-Apparat bei Computeren.

D'Schreiwe mat enger Computertastatur nennt een "Tippen". Wann de Benotzer eng Tast dréckt, schéckt d'Tastatur e Signal un de Computer fir ëm ze soen, wéi ee Buschtaf, Zuel oder Symbol um Ecran soll gewise ginn. De Computer weist dat Zeechen dann um Bildschierm, generell do wou den Textcursor ass. Vum technesche Standpunkt hier gläicht eng Computertastatur also enger Computermaus, der Telecommande an der Manette vun enger Spillkonsol.

Nieft Tasten, déi d'Agab vun Zeechen erlaben, sinn op der Tastatur awer och speziell Tasten, déi e Symbol änere kënnen (mat der Shift-Tast kann een zum Beispill Groussbuschtawe schreiwen) oder dem Computer e speziellen Uerder kënne ginn (wéi zum Beispill d'Kontrolltast Ctrl).

Déi verschidde Computerbetribssystemer benotzen ënnerschiddlech Spezialtasten, oder benotze s'ënnerschiddlech. Spezial Befeeler kënnen och mam Drécke vun enger Kombinatioun vun Tasten aktivéiert ginn. Dat ass dann eng Ofkierzung ("Shortcut" oder "Raccourci"). Bei Microsoft Windows si bekannt Ofkierzungen zum Beispill Ctrl + C, fir Text oder eng Datei ze kopéieren, Ctrl + V fir dat Kopéiert ze pechen, a Ctrl + F fir e bestëmmt Wuert an engem Dokument oder enger Websäit ze fannen.

Eng Computertastatur kann iwwer e Kabel mat engem Computer verbonne sinn, oder kabellos iwwer Bluetooth.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Tastaturen – Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: Computertastaturen – Biller, Videoen oder Audiodateien