Cornelis Lely
Ausgesinn
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Cornelis Lely | |
---|---|
Gebuer |
23. September 1854 Amsterdam |
Gestuerwen |
22. Januar 1929 Den Haag |
Nationalitéit | Holland |
Educatioun | Technesch Universitéit Delft |
Aktivitéit | Politiker, Bauingenieur |
Member vun | Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen |
De Cornelis Lely, gebuer zu Amsterdam den 23. September 1854, a gestuerwen zu Den Haag den 22. Januar 1929, war en hollännesche Waasserbauingenieur a Staatsmann.
De Lely ass haaptsächlech bekannt well hien als Waasserbauminister d'Etüden an d'Pläng fir d'Aarbechten an der Zuiderzee dirigéiert huet an zu engem groussen Deel d'Konstruktioun vum Ofschlossdäich realiséiert huet.
Erënnerungen
[änneren | Quelltext änneren]Fir un hien z'erënner goufe veschidde Plazen no him genannt, sou wéi:
- Lelystad, eng Stad um Polder Ëstlecht Flevoland am IJsselmeer an zanter 1986 Haaptstad vun der Provënz Flevoland
- Lelydorp, eng Uertschaft am Surinam, krut säin Numm fir un d'Eisebunnskonstruktiounen z'erënneren déi ënner sengem Gouverneurat gemaach goufen
- D'Lelybierger, e Biergmaasiv am Surinam
- E Pompelwierk um Polder Wieringermeer krut den Numm Gemaal Lely
Et goufen dräi Statue vum him opgeriicht, déi éischt vum Mari Andriessen op der westlecher Extremitéit vum Ofschlossdäich bei Den Oever, déi zweet vum Hans van Houwelingen a Mari Andriessen zu Lelystad an déi drëtt vum Piet Esser beim Museum Batavia Land.