Corona (Planetologie)

Vu Wikipedia
Artemis Corona, déi gréisst Venus-Corona mat engem Duerchmiesser vun 2600 km.
Inverness Corona um Miranda (Duerchmiesser 235 km)

Als Corona (Plural: Coronae) vum laténgeschen "Kranz", "Kroun") ginn an der Planetologie kreesfërmeg oder oval Uewerflächestrukture vun Himmelskierper bezeechent, bei deenen et sech net ëm Aschlagkrateren handelt.

Venus[änneren | Quelltext änneren]

Coronae goufen 1983 fir d'éischt identifizéiert, nodeem d'Venus-Sond Venera 16 Donnéeë mat gudder Opléisung op d'Äerd geschéckt hat. Déi ufanks fir Aschlagkrater gehale Strukture waren anescht an hu missen nei iwwerduecht ginn. Et handelt sech ëm Strukturen, deenen hiren elliptesche Rand aus engem oder e puer rankfërmege Ramplie besteet, wärend de komplex strukturéierte Kär heefeg radial verlafend Strukturen opweist.

Et hëlt een haut un, datt d'Venus-Coronae aus vu Mantel-Plumes verursaachten Opwëlbungen entstane sinn, déi beim Ofkille vum Magma am Zentrum agebrach a sou déi bannenzeg Strukture geformt hunn.

Virun allem op Basis vu geliwwerte Radardate vun der Magellan-Sond konnten op der Venus mëttlerweil iwwer 350 weider Coronae identifizéiert ginn.

Miranda[änneren | Quelltext änneren]

An der Tëschenzäit goufen och um Uranusmound Miranda oval Strukture fonnt, déi als Coronae bezeechent ginn. Et gëtt ugeholl, datt et sech ëm Äisdiapiren handelt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Tilman Spohn, Marile Avermann: Venus. In: Physik in unserer Zeit, 25 (1994), S. 221f, doi: 10.1002/piuz.19940250504
  • F. Anguita, A. F. Chicarro: Ovoid structures in the solar system: The coronae of Venus and Miranda, and the domes on the Earth. In: Earth, Moon, and Planets Bd. 53 (1991), Nr. 2, S. 109-116, doi:10.1007/BF00057426

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Coronae – Biller, Videoen oder Audiodateien