Cosmas an Damianuskapell vu Géidgen

Vu Wikipedia
Kapell vu Géidgen
Kapell vu Géidgen (2013)

Kapell vu Géidgen (2013)
Kapell vu Géidgen (2013)
Uertschaft / Plaz Géidgen
Par Ëlwen–Wäiswampich
Saint-François
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Cosmas
Hl. Damianus
Baujoer 1860
Koordinaten 50° 08’ 59.5’’ N
      06° 00’ 43.2’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Cosmas an Damianuskapell vu Géidgen ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Ëlwen–Wäiswampich Saint-François, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Ëlwen gehéiert.

D'Patréiner vun der Kapell sinn déi zwéin Helleg Cosmas an Damianus, deenen hiert Fest de 26. September gefeiert gëtt.

D'Kapell steet am Norde vum Duerf op der Strooss Am Duarref.

De 4. Oktober 2018 gouf se op den Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter agedroen.[1]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Bis de 7. Mee 2017 huet d'Kapell zur Par Wilwerdang gehéiert, déi zum Parverband Ëlwen, Wäiswampech, Wëntger, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Klierf gehéiert huet. Zur Par Wilwerdang huet ausser der Kapell vu Géidgen och nach d'Parkierch vu Wilwerdang an d'Kapell vun Drénkelt gehéiert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Cosmas an Damianuskapell vu Géidgen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).