Kierch Wilwerdang

Vu Wikipedia
Kierch vu Wilwerdang
Kierch vu Wilwerdang (2005)

Kierch vu Wilwerdang (2005)
Kierch vu Wilwerdang (2005)
Uertschaft / Plaz Wilwerdang
Par Ëlwen–Wäiswampich
Saint-François
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Lambert
Koordinaten 50° 8’ 22.3’’ N
      6° 1’ 20.77’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch vu Wilwerdang ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Ëlwen–Wäiswampich Saint-François, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Ëlwen gehéiert.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Lambert deem säi Fest den 18. September gefeiert gëtt.

Se steet op der Kräizung vum Géidgerwee mat der Haaptstrooss, der N12. De Kierfecht ass nieft der Kierch.

D'Klacke vu Wilwerdang lauden am Schlagtoun do, sol a la dièze.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Bis de 7. Mee 2017 war et d'Parkierch vun der Par Wilwerdang, déi zum Parverband Ëlwen, Wäiswampech, Wëntger, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Klierf gehéiert huet. Zur fréierer Par Wilwerdang hunn ausser der Kierch vu Wilwerdang och nach d'Kapell vu Géidgen an d'Kapell vun Drénkelt gehéiert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Wilwerdang – Biller, Videoen oder Audiodateien