Croix des maquisards

Vu Wikipedia
Croix des maquisards
D'Croix des maquisards am Oktober 2022
Typ Kräiz fir Maquisarden
Land Belsch
Koordinaten 50° 07’ 58.84’’ N
      05° 33’ 13.75’’ O

D'Croix des Maquisards ass e Lieu-dit an der Sektioun Erneuville vun der belscher Gemeng Tenneville op enger Héicht vun 380 Meter.

Den Numm krut d'Plaz wéinst engem Kräiz dat do opgeriicht gouf fir u fënnef Krichsaffer z'erënneren déi do vun den däitsche Besatzer ëmbruecht goufen.

Laanscht d'Monument féiert e ronn 7 km laangen Trëppelwee mat Depart zu Erneuville.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Am Mee 1944 hate sech 23 jong Männer déi am MNB waren a refuséiert hate fir an den Arbeitsdienst ze goen, sech op där Plaz eng Häip gebaut wou se e Mount laang ouni gréisser Problemer gelieft hunn. Dobäi waren och zwéi Lëtzebuerger. Den 23. Juni 1944 moies um hallwer fënnef huet déi däitsch Arméi d'Plaz ëmstallt an attackéiert. De Gilbert Roumieux vun Ougrée gouf dobäi erschoss, an anerer schwéier blesséiert, dorënner waren och zwéi Lëtzebuerger, de René Massard vu Réimech an den Edouard Recken vun Hëpperdang, déi un hire Blesse gestuerwe sinn.

Hire Chef de Jules Daco gouf blesséiert, konnt awer mat Hëllef vu Komeroden entkommen. E gudde Mount méi spéit ass en allerdéngs an d'Hänn vun den Däitsche gefall a gouf de 25. Juli zu Marcourt erschoss. De Willy Huppermanns gouf am September gefaangen an den 9. September zu Wyompont erschoss.[1]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Renséignementer op den zwou Plaketten um Kräiz