Däitsch-Sowjeteschen Netugrëffspakt

Vu Wikipedia
Moskau, 24. August 1939: De Stalin an de Ribbentrop no der Ënnerschrëft vum Netugrëffspakt
De geheime Zousazprotokoll
D'Däitsch-sowjetesch Demarkatiounslinn a Polen

Den Däitsch-Sowjeteschen Netugrëffspakt , bekannt als Hitler-Stalin-Pakt oder och, no den zwéin Ausseministeren, Ribbentrop-Molotow-Pakt oder Molotow-Ribbentrop-Pakt, war en Traité tëscht dem Däitsche Räich an der Sowjetunioun op zéng Joer, deen de 24. August 1939 (mat Datum vum 23. August 1939) zu Moskau vum Reichsaußenminister Joachim von Ribbentrop a vum sowjetesche Vollekscommissaire fir Baussecht Affairen Wjatscheslaw Molotow, a Presenz vum Josef Stalin (als KPdSU-Generalsekretär de facto Leader vun der Sowjetunioun) an dem däitschen Ambassadeur Friedrich-Werner Graf von der Schulenburg ënnerschriwwe gouf. De Pakt huet dem Däitsche Räich déi sowjetesche Neutralitéit bei engem Krich mat Polen an de Westmiecht garantéiert.

E geheimen Zousazprotokoll „fir de Fall vun engem territorial-politesche Re-Amenagement“ huet doriwwer eraus der Sowjetunioun, et erlaabt, Territoiren, déi d'Russescht Keeserräich am Éischte Weltkrich verluer hat, erëmzegewannen. Ostpolen, Finnland, Estland a Lettland goufen dodran zu der sowjetescher Interessesphär deklaréiert, Westpolen a Litauen zu der däitscher. A Polen sollten d'Flëss Narew, Weichsel a San dës Aflosssphär ofgrenzen. Am Südoste vun Europa gouf Bessarabien zum sowjeteschen Interessegebitt deklaréiert.

Am Traité gouf och e Wirtschaftsofkommes virgesinn, dat all Joers erneiert misst ginn, wouduerch d'Sowjetunioun nieft Liewensmëttel virun allem Matière-premièrë wéi Pëtrol a rar Äerzer liwwere sollt, d'Däitsch Räich als Konterpartie virun allem Industrieprodukter a Steekuel. Doriwwer eraus huet d'Sowjetunioun et Däitschland erméiglecht, d'Häfen an der Arktis, um Schwaarze Mier an am Pazifeschen Ozean ze benotzen, an huet däitsch Transitwuere fir näischt mat der sowjetescher Eisebunn transportéiere gelooss

Nodeems d'Wehrmacht an hirer Polecampagne, am September 1939, de westlechen Del vu Polen an d'Rout Arméi Ostpolen militäresch besat haten, koum den Däitsch-Sowjetesche Grenz- a Frëndschaftstraité vum 28. September 1939 bei den Nietugrëffspakt dobei. Dëst geheimt Ofkommes huet preziséiert, wéi genee Polen opgedeelt sollt ginn, huet déi dräi Baltesch Staaten der Sowjetunioun zougeschloen, an huet festgeluecht, wéi déi däitsch, ukrainesch a wäissrussesch Bevëlkerungsminoritéite aus de betraffenen Territoiren an den eegene Muechtberäich iwwerfouert sollte ginn.

Mam Unternehmen Barbarossa, dem däitschen Iwwerfall op d'Sowjetunioun, den 22. Juni 1941, huet Däitschland déi zween Traitéë gebrach, déi domat annuléiert waren.