Déierenasyl

Vu Wikipedia

En Déierenasyl oder Déierenheem ass en Asyl, an deem Hausdéieren (Hënn, Kazen, Kanéngercher, Frettercher, Vullen, Reptilien...) an deels och Déieren aus der Famill vun de Päerd (Hauspäerd, Ieselen) oder anert Véi (Kéi, Geessen, Schof, Schwäin, Gefligel...) ënnerbruecht kënne ginn. Et si gemenkerhand Déieren, déi aus verschiddene Grënn wéi z. B. Krankheet oder Onzefriddenheet mam Déier ausgesat goufen, no engem Accident gerett goufen oder dem Proprietär ewechgeholl goufen.

D'Déieren, déi an engem Asyl sinn, kënnen normalerweis adoptéiert ginn. Fir géint d'Iwwerbeleeung virzegoen a wann d'Déieren net adoptéier ginn, gi verschidden Déierenasyler op de Wee fir Déieren z'euthanaséieren. Asyler fir Véi ginn och alt als Gnodenhaff ((de) Gnadenhof, (fr) sanctuaire pour animaux) bezeechent.

Déierenasyler zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Fir en Déierenasyl ze bedreiwen, muss een op Grond vum Déiereschutzgesetz[1] eng Geneemegung vum Landwirtschaftsminister hunn[2].

De Begrëff vum Déierenasyl ass am Déiereschutzgesetz net definéiert. Allgemeng sinn et Raim, déi do si fir Déieren op enger konzentréierter Plaz ënnerdaachzebréngen, sief et a Käfeger, Zwingeren, Boxen oder änlechen dem Déier ugepassten Ekipementer.

Déieren, déi net am Groussherzogleche Reglement vum 16. November 2018 ernimmt sinn[3], däerfen am Déierenasyl just temporär opgeholl ginn, wann et sech ëm Déieren handelt, déi confisquéiert goufen oder wa s'ausgesat goufen an de Proprietär net bekannt ass.

Zu Lëtzebuerg gëtt et véier Déierenasyler(Stand:2024)[4]:

Uertschaft Foto Bedreiwer Capacitéit
Hënn Kazen
Diddeleng Société pour la protection des animaux Dudelange 10 25
Esch-Uelzecht Société eschoise de protection des animaux 11 25
Gaasperech Lëtzebuerger Déiereschutzliga 76 40
Schëffleng Association pour la protection des animaux Schifflange 10 25

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Déierenasyler – Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: Déierenasyler zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. (fr)Loi du 27 juin 2018 sur la protection des animaux. data.legilux.public.lu (27.06.2018). Gekuckt de(n) 15.03.2024.
  2. (fr)Kapitel 3, Art. 6, Absaz (2), Punkt 7 vum Déiereschutzgesetz. legilux.lu (27.06.2018). Gekuckt de(n) 15.03.2024.
  3. (fr)Règlement grand-ducal du 16 novembre 2018 fixant les listes des animaux autorisés et les modalités particulières des demandes d’autorisation de détention. data.legilux.public.lu (16.11.2018). Gekuckt de(n) 15.03.2024.
  4. (de)Suche nach Standort für zusätzliches Tierasyl läuft. luxemburger-wort-online (2024-03-15). Gekuckt de(n) 2024-03-15.