Danièle Patz
Danièle Patz | |
---|---|
Gebuer | 1964 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Sänger |
D'Danièle Patz ass eng lëtzebuergesch Sopranistin.
Si trëtt als Solistin op. Hire Repertoire enthält nieft Opernarië vum Massenet, Verdi, Mozart, Puccini, Rossini a Weber, och sakral Wierker vum Haydn, Händel, Fauré a Mozart, a besonnesch "Lieder" vum Franz Schubert, Schumann, Brahms, Wolf, Richard Strauss, Dvořák, Elgar, Canteloube, Bellini, Donizetti an Debussy.
Si ass mat dem lëtzebuergeschen Architekt Pol Holweck bestuet. D'Koppel huet zwee Kanner a wunnt zu Breedelt.
Schoulen[änneren | Quelltext änneren]
- Klass vun der Yannchen Hoffmann an der Museksschoul vun Dikrech, 1. Präis 1992
- Conservatoire zu Lëtzebuerg: Solfège (1. Präis 1994), Gesank an Oper (1. Präis 1995) an der Klass vum Ionel Pantea.
- Prof. Ingeborg Reichert, Düsseldorf.
- Bis 1998 Privatcourse beim Prof. Victor Demaeffe, Bréissel.
- Säit 1998 Privatcourse beim Prof. Peggy Bouveret, Conservatoire de Paris.
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Danièle Patz – Biller, Videoen oder Audiodateien |