Daniel Pannrucker

Vu Wikipedia
Daniel Pannrucker
Gebuer 13. Juli 1977
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Geschäftsmann

Den Daniel (Maria) Pannrucker, gebuer den 13. Juli 1977 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Kreativ-Entreprener an Däitschland.

Carrière[änneren | Quelltext änneren]

No senger 13ième an der Handwierkerschoul goung den Daniel Pannrucker op Bréissel Communication visuelle et publicité studéieren.

Seng berufflech Carrière huet hien 2001 als Medieberoder bei der MediaCom (WPP), der gréisste Medienagence an Däitschland, zu Düsseldorf ugefaangen. 2003 huet hien op Hamburg an d'Agence Blöcher + Partner Platforming gewiesselt.

Den Abrëll 2004 huet hien an der Grupp Publicis zu Düsseldorf ugefaangen an Newcast gegrënnt, déi éischt Entwicklungsagentur für innovative Kommunikation um däitsche Marché. D'Agence gouf no kuerzer Zäit a verschidde Länner exportéiert an huet mëttlerweil iwwer 1.200 Mataarbechter an 29 Länner a 34 Stied.

Am Juli 2007 huet hien d'Agence Newcast verlooss, fir sech als Beroder selbstänneg ze maachen. Am November 2008 huet den Daniel Pannrucker eng op Brandtainment spezialiséiert Agence zu Düsseldorf gegrënnt, déi am November 2012 op Köln verluecht gouf. Leotainment entwéckelt a produzéiert Léisungen am Beräich Content, Social Media an Influencer Marketing fir den internationale Marché. Ufanks 2015 huet hie mat sengem Team en erfollegräicht Influencer Marketing-System entwéckelt dat ee Joer méi spéit un d'Agence Blöcher + Partner Platforming (Dentsu Aegis Network) verkaaft gouf, a vun do aus weiderentwéckelt gëtt.

No 7 Joer Selbstännegkeet huet hie bei Dentsu Aegis Network gerwiesselt a gouf Board Member. Den Daniel Pannrucker ass Managing Director vun der Isobar Germany a Blöcher + Partner Platforming, zwou Marke vun der Grupp. Dentsu Aegis Network ass eng Grupp fir Kommunikatiouns- a Medieberodung. Als Deel vun der 1901 a Japan gegrënnter Holding Dentsu agéiert Dentsu Aegis Network weltwäit mat den Agencë Carat, Dentsu, Dentsu Media, iProspect, Isobar, mcgarrybowen, Posterscope a Vizeum. En plus sinn a verschiddene Marchéen nach Agencë present wéi Amnet, Amplifi, Data2Decisions, Mitchell Communications, psLive an 360i. Dentsu Aegis Network huet iwwer 23.000 Mataarbechter an 110 Länner. De Sëtz ass zu London.

Privat[änneren | Quelltext änneren]

Den Daniel Pannrucker wunnt a schafft zu Düsseldorf, Bonn an zu Lëtzebuerg.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]