Danne-et-Quatre-Vents
Ausgesinn
| |||||
|---|---|---|---|---|---|
| Land | |||||
| Regioun | Grand Est | ||||
| Departement | |||||
| Arrondissement | Sarrebourg-Château-Salins | ||||
| Kanton | Phalsbourg | ||||
| Postcode | 57370 | ||||
| Gemengecode | 57166 | ||||
| Koordinaten | 48° 46’ 02’’ N 07° 17’ 43’’ O | ||||
| Fläch | 720 ha | ||||
| Bevëlkerung | 670 (1. Januar 2023) | ||||
Danne-et-Quatre-Vents ass eng franséisch Gemeng am Museldepartement an der Regioun Grand Est.
Net wäit vun Danne-et-Quatre-Vents ass d'Pilgerplaz Bonne-Fontaine, där hir Originn op den Drëssegjärege Krich zeréckgeet. 1638 gouf d'Kapell vun de Kroaten zerstéiert a 1715 gouf se vun Zaldote vu Phalsbourg erëm opgeriicht.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Ëm 1128 gëtt d'Uertschaft ënner dem Numm Dhann ernimmt. Nom Traité vu Vincennes gouf Danne 1661 vu Frankräich besat.
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]- D'Reschter vun engem Haus vun 1347
- D'Kierch Saint-Etienne aus dem 19. Joerhonnert
Kuckt och
[Quelltext änneren]- Departement Moselle
- Arrondissementer am Departement Moselle
- Kantonen am Departement Moselle
- Lëscht vun de Gemengen am Departement Moselle

