Kallektuff

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Dausch)
Dëse Geologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Kallektuffsteen
D'Pierre de cron zu Zowaasch

Kallektuff (och nach Dausch oder Dausteen) ass e jonkt, poréist, sekundäert Sediment.

Kallektuff entsteet do, wou mat Kallek iwwersiedegt Quellewaasser austrëtt an dann de Kallek precipitéiert a sech oflagert. Ë. a. am „Lexikon der Luxemburger Umgangssprache“ gouf emol behaapt, den Dausch wier duerch Vulkanismus entstanen[1], wat awer net stëmmt.

Beispiller vu sou Formatioune sinn déi sougenannt „Pierre de cron“ zu Zowaasch, vun där 1844, 1894 an och 1992 Stécker ofgebrach an an d'Strooss gefall sinn[2] an de Gros Cron och Crânière genannt bei Tintigny an der belscher Provënz Lëtzebuerg.

Déi Plaze wou Kallektuff ofgelagert an deelweis exploitéiert gouf, ginn „Dauschkaul“ genannt. Zu Lëtzebuerg gëtt e zwéi Lieu-diten mat deem Numm: een zu Boufer an een zu Dummeldeng. Absënns zu Dummeldeng gouf den Dausch geholl fir d'Kierch an d'Schoul ze bauen[3]. Déi gréisst bekannt Formatioun am Beneluxraum ass op der Belsch-hollännescher Grenz d'Montagne Saint-Pierre, wou haut nach am grousse Stil exploitéiert gëtt, a wou een och an den Uertschaften ronderëm e puer troglodytesch Plaze ka gesinn.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Lemma „Dausteen“ am Lexikon der Luxemburger Umgangssprache
  2. « Pierre de cron » - der legendäre und rätselhafte Fels. DiffMag °08 15 by Ville de Differdange - Issuu. issuu.com (2015). Gekuckt de(n) 20.02.2022.
  3. Lemma „Dauschbur“ am „Luxemburger Wörterbuch