Dauschkaul (Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Lieu-dit an der Gemeng Lëtzebuerg. Fir deen an der Gemeng Luerenzweiler, kuckt wgl. Dauschkaul (Luerenzweiler).
Dauschkaul
Dommeldange, Dauschbur, 127 Route Echternach.jpg
Villa mat Weier an der Dauschkaul
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Gemeng Blason ville lu Luxembourg-ville.svg Lëtzebuerg
Buergermeeschter Lydie Polfer (DP)
Koordinaten 49° 38’ 27.9’’ N
      06° 09’ 07.9’’ O
Den Dauschbuer, net wäit ewech vun der Dauschkaul.

Dauschkaul ass e Lieu-dit am Quartier Dummeldeng vun der Stad Lëtzebuerg. D'Dauschkaul läit nërdlech vun der N11 (Iechternacher Strooss), tëscht dem Dummeldenger Schlass an der Brennerei. Se läit op enger Héicht vun 291 Meter (NG-L), am ëstleche Wupp vun der Stad Lëtzebuerg an no bei der Grenz mat der Gemeng Steesel.

An der Dauschkaul leie ronn zéng Haiser, déi zur Iechternacher Strooss gehéieren.

Originn vum Numm[änneren | Quelltext änneren]

Mat enger Dauschkaul war gemenkerhand eng Plaz gemengt, wou Dausteng ausgegruewe goufen[1]. D'Steng aus der Dummeldenger Dauschkaul goufe geholl fir d'Dummeldenger Schoul an d'Kierch ze bauen[2].

Dauschbuer[änneren | Quelltext änneren]

Ongeféier 300 m. ëstlech vun der Dauschkaul ass um nërdleche Bord vun der Iechternacher Strooss den „Dauschbuer“, dee vun enger vun de Glasbuere-Quelle gespeist gëtt. Fréier[Wéini ?] gouf et do en décke Rouer aus deem d'Waasser an e stengent Dëppe gefloss ass. Den Iwwerlaf gouf deemools - grad ewéi nach haut - gebraucht fir de Weier op der anerer Stroossesäit, de fréiere Milleweier vun der Schmelzmillen (Iewescht Millen), ze speisen[3].

Hautdesdaags steet e Buer do, deen 1912[4] opgeriicht gouf.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Dauschkaul (Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Lemma „Dauschkaul“ am „Wörterbuch der Luxemburgischen Mundart
  2. Lemma „Dauschbur“ am „Luxemburger Wörterbuch
  3. Emile Erpelding, Die Gewässer der Stadt Luxemburg an Ons Stad, Nr 38/1991, S. 14
  4. Opschrëft um Buer