Dechens- a Kaplounshaus Gréiwemaacher

Vu Wikipedia
Dechens- a Kaplounshaus Gréiwemaacher
Koordinaten 49° 40’ 46’’ N
      06° 26’ 26’’ O

D'Dechens- ("Paschtoueschhaus") an d'Kaplounshaus sinn zwee klasséiert Gebaier zu Gréiwemaacher an der Lëtzebuerger Strooss.

D'Dechenshaus ass 1708 gebaut ginn.[1] Et ass en herrschaftlecht Patrizierhaus, bei deem och Lännereie louchen. Vu 1777 bis zum Enn vum 18. Joerhonnert huet et deem leschten Landriichter vu Gréiwemaacher, dem François de Baxeras, gehéiert, dee ganz onbeléift war. 1892 ass d'Haus vun der Maacher Kierchefabrik opkaaft ginn, fir do d'Dechenshaus dran z'installéieren.

D'Kaplounshaus, dat un d'Dechenshaus ugebaut ass, gouf vun 2001 un an e moderne Par(verbands)zentrum ëmgebaut, dee Mëtt 2004 ageweit gouf.

Den 21. Juni 2017 goufen déi zwee Gebaier, zesumme mat engem Gaart, als national Monumenter klasséiert.[2]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quell, wou net anescht uginn: Gréiwemaacher: "Touristesches mat engem Schotz Geschicht." op grevenmacher.lu.
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).