Kierchefabréck

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Kierchefabrik)

Eng Kierchefabréck war bis 2018 eng Organisatioun, där hir Aufgab dora bestoung, déi materiell Gidder vun enger Par ze verwalten. Se huet awer och dofir suerge missen datt d'Gottesdéngschter an adequater Form ofgehale konnte ginn. Well d'Pare selwer keng juristesch Persoune sinn, goufen d'Kierchefabrécke gebraucht fir hiert d'Verméigen ze verwalten.

D'Kierchefabrécke ware mat engem Dekreet vun 1809 entstanen[1], an deem Follgendes stoung: « Les fabriques sont chargées de veiller à l'entretien et à la conservation des temples; d'administrer les aumônes et les biens, rentes et perceptions autorisées par les fois et règlements, les sommes supplémentaires fournies par les communes, et généralement tous les fonds qui sont affectés à l'exercice du culte, enfin, d'assurer cet exercice, et le maintien de sa dignité, dans les églises auxquelles elles sont attachées, soit en réglant les dépenses qui y sont nécessaires, soit en assurant les moyens d'y pourvoir ».

D'Kierchefabrécke goufe mam Gesetz vum 13. Februar 2018 iwwer d'Gestioun vun de reliéise Gebaier[2] ofgeschaaft an duerch de Kierchefong ersat.

Zesummesetzung a Funktioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Kierchefabrécken hu sech aus dem Kiercherot an dem Bureau des marguilliers zesummegesat. A Pare mat méi wéi 5.000 Kierchemembere bestoung de Kiercherot aus néng Persounen, bei méi klengen nëmmen aus fënnef Persounen. De Paschtouer an de Buergermeeschter vun der Gemeng, op där hirem Gebitt d'Par war, waren ëmmer am Kiercherot. Wann et an enger Gemeng e puer Pare gouf, da war de Buergermeeschter an all deene Kiercheréit. Bei der éischter Besetzung no der Grënnung vun engem Kiercherot huet de Bëschof bei Pare mat méi wéi 5.000 Memberen, fënnef an den Inneminister (fréier de Prefekt) véier Memberen an de Kiercherot bestëmmt, bei méi klenge Pare waren et dräi respektiv zwéi Memberen.

Dem Kiercherot stoung als Exekutiv e Bureau des marguilliers (Kierchendénger) zur Säit. D'Verhältnes tëscht Kiercherot a Büro war vergläichbar mat dem Gemengerot a Schäfferot an de Gemengen. De Büro bestoung aus dem Paschtouer an dräi Memberen déi vum Kiercherot gewielt goufen.

All dräi Joer gouf de Kiercherot deelweis erneiert. Déi nei Membere goufe vun de Reschtmembere gewielt. Ënner de Membere vum Kiercherot gouf e President an e Sekretär gewielt. De Buergermeeschter an de Paschtouer ware vun dësen zwou Funktiounen ausgeschloss. De Kiercherot huet iwwer de Budget, de Joresrapport vum Tresorier an déi aussergewéinlech Ausgaben decidéiert.

D'Kierchefabrécke stoungen ënner kierchlecher an ziviller Tutelle a hunn dem Bistum an der jeeweileger Gemeng Rechenschaft ofleeë mussen. Bei gréisseren Ausgaben hunn se dowéinst d'Zoustëmmung vum Bëschof a vum Buergermeeschter an indirekt och vum zoustännege Ressort aus dem Inneministère gebraucht.

Finanzen[änneren | Quelltext änneren]

Dem Dekreet vun 1809 no war en Tresorier fir d'Verwaltung vun de Finanzen zoustänneg. Hien huet all Joers de leschte Sonndeg am Mäerz dem Bureau des marguilliers e Joresbilan virleeë missen. War de Bilan negativ, huwet déi jeeweileg Gemeng, an där d'Par war, deen Defizit auszegläiche missen. E Rapport am Optrag vun der Regierung vum Oktober 2012 hat festgestallt, datt vill Patrimoinen, deen de Kierchefabrécke vermaacht gouf, an ASBLen oder Stëftungen iwwerdroe gouf, a sou net an de Bilanen opgedaucht ass. Och de Syvicol hat den 10. Dezember 2012 festgestallt[3], datt e groussen Deel vum Verméige vun de Kierchefabrécken net an hire Bilanen opdaucht, mam Resultat, datt den Defizit, dee vun de Gemengen auszegläichen ass, méi grouss ass, wéi en am Fong misst sinn[4].

Defizit vun de Kierchefabrécken, deen d'Gemengen hu missen ausgläichen (a Milliounen Euro)[5][änneren | Quelltext änneren]

2004: 10,947 2009: 9,866 2012: 11,556 2015: 13,592*
2007: 8,075 2010: 9,864 2013: 09,832
2008: 10,693 2011: 11,131 2014: 11,741

* viraussichtlech

Et war virgesinn, datt d'Regierung am Summer 2015 e Gesetzprojet an der Chamber deposéiere sollt, fir d'Organisatioun vun de Kierchefabrécken nei ze reegelen[6]. De Projet de loi gouf schlussendlech den 29. August 2016 deposéiert[7].

Zuel vu Kierchefabrécken zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

2014 gouf et zu Lëtzebuerg 285 Kierchefabrécken, dat waren der 10 méi wéi et Pare gouf. Dat koum dohier well fir d'Filialkierche vu verschiddene gréissere Paren eege Kierchefabrécke bestoungen.

Syndikat vun de Kierchefabrécken[änneren | Quelltext änneren]

Ausgeléist duerch eng Vollversammlung vun de Kiercheréit 2012, gouf den 30. Abrëll 2014 am Centre Jean XXIII de Syndicat des fabriques d'église du Luxembourg asbl (Syfel) gegrënnt, an där 248 Kierchefabrécken als Grënnungsmember vertruede waren[8],[9]. Am Syndikat war och e Vertrieder vum Bistum, e war awer trotzdeem géigeniwwer dem Bistum eegestänneg[10].

Gesetzprojet iwwer d'Ännere vum Dekreet vun 1809[änneren | Quelltext änneren]

De 27. Mee 2015 huet d'Regierung de Gesetzprojet Nr. 6824 Portant modification du décret du 30 décembre 1809 an der Chamber deposéiert[11]. Am Dezember 2015 louch den Avis vum Staatsrot vir. De 25. Februar 2016 ass de Projet an der Chamber gestëmmt ginn[12],[13]. Mam Gesetz vun 2018 ass den Dekreet vun 1809 dunn ofgeschaaft ginn[2].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • (DS): Die Rechte und Pflichten der Kirchenfabrik. in: Luxemburger Wort vum 8. September 2014, S. 3.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Décret du 30 décembre 1809 concernant les fabriques des églises. legilux.public.lu (30/12/1809). Gekuckt de(n) 05/10/2019.
  2. 2,0 2,1 Loi du 13 février 2018 1° portant sur la gestion des édifices religieux et autres biens relevant du culte catholique, ainsi que sur l'interdiction du financement des cultes par les communes. legilux.public.lu (13/02/2018). Gekuckt de(n) 05/10/2019.
  3. "Relations futures entre l'Etat et les communautés religieuses au Luxembourg: Prise de position du Syndicat des Villes et Communes Luxembourgeoises." op syvicol.lu, 10/12/12.
  4. Serge Kennerknecht: "Eigenkontrolle ist die beste." In: tageblatt, 29.05.2015, S.10.
  5. Äntwert vum Inneminister Dan Kersch op eng Parlamentaresch Ufro vum Justin Turpel vum 31. Mäerz 2015 (Q-2014-O-E-1030-01), zit. in: Patrick Welter: "Nur Gott verpflichtet?" In: Lëtzebuerger Journal 29.05.2015, S.17.
  6. "13,6 Millionen Euro fließen in die Kirchen." lessentiel.lu, 28. Mai 2015 07:22; Akt: 27.05.2015 19:12.
  7. Projet de loi:1) portant sur la gestion des édifices religieux et autres biens relevant du culte catholique, ainsi que sur l'interdiction du financement des cultes par les communes. legilux.public.lu (29/08/2016). Gekuckt de(n) 05/10/2019.
  8. Syndikat der Kirchenfabriken - 248 Kirchenfabriken finden gemeinsames Sprachrohr op wort.lu den 8. Mee 2014
  9. de 17. Mäerz 2015 ënnert der Nummer F10322 am Handelsregëster agedroen
  10. Conseil presbyteral - Sitzung vom 14. Februar 2014 Gearchiveerd op 2016-03-04. Gekuckt de(n) 2014-09-08.
  11. Projet de loi portant modification du décret du 30 décembre 1809 concernant les fabriques des églises. legilux.public.lu (27/05/20115). Gekuckt de(n) 05/10/2019.
  12. Josée Hansen: "Guerre de mouvement." in: Lëtzebuerger Land Nr.3, 15. Januar 2016, S.5.
  13. Rôle des affaires - 6824 Projet de loi portant modification du décret du 30 décembre 1809 concernant les fabriques des églises. www.chd.lu. Gekuckt de(n) 05/10/2019.