Delfi-C3
| Delfi-C3 / OSCAR 64 | |
|---|---|
| Typ | Amateurfunksatellit |
| Land | |
| Agentur | Technesch Universitéit Delft |
| COSPAR-Bezeechnung | 2008-021G |
| Apogeum | 615 km |
| Perigeum | 595 km |
| Bunnschréi | 97,8° |
| Mass | 6,5 kg |
| Bunn-Ëmlafzäit | 96,7 min |
| Exzentrizitéit | |
| Start | 28. Abrëll 2008, 03:53 UTC |
| Startplaz | Satish Dhawan Space Centre |
| Drorakéit | PSLV-CA C-9 |
| Status | am Orbit |
Den Delfi-C3 (oder OSCAR 64, DO-64) ass en hollänneschen Technologieerprouwungs- an Amateurfunksatellit.
Opbau a Missioun
[änneren | Quelltext änneren]Den Delfi-C3 gouf vun der Technescher Universitéit Delft entwéckelt a gebaut. Et ass e Nanosatellit a gouf no der CubeSat-Architektur gebaut. Hie besteet aus dräi Cubesateenheeten (3U). Der Satellit déngt der Ausbildung vu Studenten, der Weltraumerprouwung vun Dënnschicht-Solarzellen an der Betribunhuelung vun engem 40 kHz breeden Lineartransponder fir Zweeweeverbindunge vu Funkamateuren.
Hie gouf den 28. Abrëll 2008 mat enger indescher PSLV-Rakéit C9 zesumme mat der Haaptnotzlaascht Cartosat-2A an de Satellitten CanX 2, CUTE-1.7 + APD II, AAU-CubeSat 2, COMPASS-1, SEEDS 2 a Rubin 8 vum Satish Dhawan Space Centre aus an e Low Earth Orbit gestart. Nom Start gouf de Satellit och als OSCAR 64 bekannt.
Seng COSPAR-Bezeechnung ass 2008-021G.