Derbent

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Flag Russia template.svg Dëse Geographiesartikel zu Russland ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.


Derbent
Дербент
Coat of Arms of Derbent (Dagestan) (1843).png
Derbent (Russland)
Derbent
Derbent

42° 4′ N, 48° 17′ O42.06666666666748.2833333333330Koordinaten: 42° 4′ 0″ N, 48° 17′ 0″ O

Land: Flag of Russia.svg Russland
Federatiounskrees: Nordkaukasus
Republik: Dagestan
Fläch: 69,63 km²
Awunner: 119.200 (14. Okt. 2010)
Bevëlkerungsdicht: 1.712 Aw./km²
Héicht: 0 m
Zäitzon: UTC+4
Autoskennzeechen: 05
Vue op Derbent

Derbent (Lesgesch Кьвевар, russ. Дербент) ass déi südlechst an zugläich eelst Groussstad vu Russland. Si läit um südleche Rand vun der russescher Deelrepublik Dagestan an huet ronn 120.000 Awunner (Stand 2010).

Den Numm kënnt aus dem Perseschen (دربند - "Darband") a bedeit "enk Paart". Deen huet se net gestuel, well si läit op enger just 3 Kilometer breeder Landsträif tëscht de kaukasesche Bierger an dem Kaspesche Mier, an hir Befestegungen hu während enger 1.500 Joer laang d'Strooss tëscht der dagestanescher Haaptstad Machatschkala an der aserbaidschanescher Haaptstad Baku kontrolléiert.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Reschter vun der Derbenter Festung am Wanter

Derbent steet zanter 2003 op der Lëscht vun der UNESCO-Weltkulturierfschaft, kuckeswäert ass seng Festung grad wéi och d'Alstad mat hire Stadmaueren, der Zitadell, de Bieder an den Zisternen.

Bevëlkerung[änneren | Quelltext änneren]

Déi gréisst Volleksgrupp stellen d'Lesgier, déi zum Islam konvertéiert sinn.

Iwwer 80% vun de 4.997 Armenier am Dagestan (Stand 2010) konzentréiere sech zu Derbent. D'Stad huet och eng armenesch Kierch, déi awer an den 1990er Jore vun de lokalen Autoritéiten an e Musée ëmgewandelt gouf, sou datt déi Gleeweg sech elo all an der russesch-orthodoxer Kierch versammelen.

Joer  Awunner 
1897 14.649
1939 34.052
1959 47.318
1970 57.192
1979 69.575
1989 78.371
2002 101.031
2010 119.200

Bekannt Derbenter[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Derbent – Biller, Videoen oder Audiodateien