Dichloromethan
| Dichloromethan | |
|---|---|
| Systemateschen Numm (IUPAC) | Dichloromethan |
| Trivialen Numm | Methylenchlorid |
| Cheemesch Formel | CH2Cl2 |
| Ausgesinn / Geroch | Faarflos Flëssegkeet, staarke Geroch |
| Eegenschaften | |
| Dicht | 1,327 g/cm3 |
| Léislechkeet | 20 g/l bei 20 °C (am Waasser) |
| Agregatzoustand | flësseg |
| Molmass | 84.93 g/mol |
| Schmëlzpunkt | -96.7 °C |
| Kachpunkt | 40 °C °C |
| Dampdrock | 470 hPa (20 °C) |
| Thermodynamesch Daten | |
| Standard Formatiounsenthalpie ΔfH0
|
-124.3 KJ·mol−1 |
| Standardentropie S0
|
174.5 J·K−1·mol−1 |
| Verbrennungsenthalpie ΔcH0
|
-602.50 KJ·mol−1 |
| Weideres | |
| Änlech Moleküllen | Monochloromethan Trichloromethan Tetrachloromethan |
| Cheemesch Famill | Chlorkuelewaasserstoffer |
Dichloromethan ass e chloréierte Kuelewaasserstoff mat der Formel CH2Cl2. Et ass ee vun de véier chloréierten Derivatsproduite vum Methan.
Physikalesch Eegenschaften
[änneren | Quelltext änneren]Dichloromethan ass eng beweeglech a flüchteg Flëssegkeet, déi änlech wéi Chloroform richt. En ass gutt léislech am Alkohol an am Ether, awer nëmme wéineg am Waasser.
Cheemesch Eegenschaften
[änneren | Quelltext änneren]Dichloromethan ass nëmme schwéier brennbar a forméiert mat Loft keen explosivt Gasgemësch.
Hierstellung
[änneren | Quelltext änneren]Dichloromethan gëtt duerch Substitutioun vum Waasserstoff duerch Chlor aus Monochloromethan hiergestallt.
Uwendung
[änneren | Quelltext änneren]An der Industrie gëtt Dichloromethan als Léisungsmëttel benotzt. Donieft ass et en Ofbeezmëttel fir Lack a gëtt geholl fir Phosgen hierzestellen. Dichloromethan soll a loftdichte Behältere gelagert ginn.
Auswierkungen op d'Gesondheet
[änneren | Quelltext änneren]D'Dämp vum Dichloromethan si gëfteg a verursaache Kappwéi a Dronkenheet a reizen d'Aan. Si kënne bis zum Koma an Doud féieren. Wann een CH2Cl2-Dämp chronesch anotemt, triede Mo- and Daarmstéierungen a Symptomer vu Vergëftung op.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Martindale, The Extra Pharmacopoeia, Thirtieth Edition