Monochloromethan

Vu Wikipedia
Monochloromethan
Monochloromethan
Systemateschen Numm (IUPAC) Monochloromethan
Trivialen Numm Methylchlorid, Chlormethan
Cheemesch Formel CH3Cl
Ausgesinn / Geroch Faarflose Gas, etheresche Geroch
Eegenschaften
Dicht 2.22
Léislechkeet 5.3 g/l (am Waasser)
Agregatzoustand gasförmeg
Molmass 16,04 g/mol
Schmëlzpunkt -182,5 °C
Kachpunkt -161,7 °C
Dampdrock 490 kPa (20 °C)
Thermodynamesch Daten
Standard Formatiounsenthalpie
ΔfH0
–83.68 KJ·mol−1
Standardentropie
S0
234.36 J·K−1·mol−1
Verbrennungsenthalpie
ΔcH0
–764.0 KJ·mol−1
Weideres
Änlech Moleküllen Dichloromethan
Trichloromethan
Tetrachloromethan
Cheemeesch Famill {{{Cheemeesch Famill}}}

Monochloromethan ass e chloréierte Kuelewaasserstoff mat der Formel CH3Cl. Et ass ee vun de véier chloréierten Derivatsprodukte vum Methan.

Physikalesch Eegenschaften[änneren | Quelltext änneren]

Monochloromethan ass e Gas, deen zu enger Flëssegkeet ka kompriméiert ginn. En huet keng Faarf a richt no Ether.

Hierstellung[änneren | Quelltext änneren]

Monochloromethan entsteet beim Erhëtze vu Chlor a Methan op 400–500 °C. Bei dëser Temperatur kënnt et zu enger gradueller Substitutioun vum Waasserstoff duerch de Chlor:

(Monochloromethan)
(Dichloromethan)
(Trichloromethan)
(Tetrachloromethan)

D'Resultat vum Prozess ass e Gemësch vun deene véier Zorte vu Chloromethan, déi duerch Destillatioun getrennt kënne ginn.

Technesch gëtt Monochloromethan duerch eng Reaktioun tëscht dem Methanol an dem Waasserstoffchlorid gewonnen:

Uwendung[änneren | Quelltext änneren]

Fréier ass Monochloromethan als Narkosemëttel benotzt ginn. An der Industrie gëtt Monochloromethan als Léisungsmëttel benotzt. E gëtt och als Kill- an Dreiwmëttel gebraucht. Fir Silikonen hierzestellen, gëtt en als Methyléierungsmëttel geholl. E soll a loftdichte Behältere gelagert ginn.

An der organescher Chimie ass Monochlormethan en Zwëscheprodukt fir aner Substanzen ze produzéieren.

Auswierkungen op d'Gesondheet[änneren | Quelltext änneren]

Wann ee gréisser Quantitéite vun den Dämp vum Monochloromethan chronesch oder punktuell anotemt, dauchen d'Vergëftungssymptomer dacks no e puer Stonnen op. Dat sinn ënner aneren Dronkenheet, Bauchwéi, Kappwéi, Siichtstéierungen a se kënne bis zum Koma oder zum Doud féieren. Niere-, Liewer- a Gehierschied sinn och méiglech.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Martindale, The Extra Pharmacopoeia, Thirtieth Edition

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]