Diskussioun:Administration de l'enregistrement, des domaines et de la TVA

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

p.m.: Missioune vum Enregistrement.--Fliedermaus 16:42, 27. Aug. 2009 (UTC)[äntweren]

Kritik um Enregistrement[Quelltext änneren]

Salut, ech proposéieren dëst Kapitel ze sträichen. D'Kritik déi hei beschriwwe gëtt ass (a) mat kenger Referenz beluecht, a (b) et ass unzehuelen, datt se net vun alle Beamte gedeelt gëtt. --Cayambe (Diskussioun) 17:37, 29. Mäe. 2017 (UTC)[äntweren]

Ech deelen deng Propose. Bei all Exame gi Leit net ugeholl. Dat ass näischt Spezifesches fir d'AED a gehéiert net an en enzyklopedeschen Artikel. --Sultan Edijingo (Diskussioun) 17:46, 29. Mäe. 2017 (UTC)[äntweren]

Also ech fannen den Abschnitt "Kritik um Enregistrement" gutt. 1. Dat gëtt et souwäit ech weess soss bei kenger Verwaltung, dass reegelméisseg Leit Examen net packen an entlooss ginn. Souwäit ech weess soll et um Enregistrement beispillsweis an der Carrière vum Redakter awer nawell gär bal en Drëttel vun de Leit si wou wéinst deenen Examen entlooss ginn. Ech hat och eng Kéier vun engem héieren deen ee kennt, deen ee kennt... An et hat scho virun e puer Joer een sou een ähnlechen Artikel hei gepost. An 2. ass dat hei jo ausserdeem nach eng gutt Informatiounsquell fir Leit déi sech fir eng Carrière bei enger Verwaltung interesséieren... Dat hei ass also eppes spezifesches fir den AED. An et gëtt och virun allem vun deene Beamte gedeelt, déi déi berüümt berüchtegt Examen net gepackt hunn. Déi déi do schaffe maachen natierlech an deem Fall hire Bak net op.

Lies emol w.e.g.: Wikipedia:Reegelen - --Sultan Edijingo (Diskussioun) 20:42, 29. Mäe. 2017 (UTC)[äntweren]


An niewebäi gesot war de selwechte Kabes scho virun 2 Joer eng Kéier erausgeflunn. D'Wikipedia ass net do fir Kritik un de Verwaltungen ze maachen. Dovun ofgesinn ass d'Behaaptung datt Leit déi den Examen net packen, entlooss gi falsch. Se kënnen net entlooss gi well se nach guer keng Ustellung haten. --81.244.214.33 21:55, 29. Mäe. 2017 (UTC)[äntweren]