Diskussioun:Cercle municipal

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Salut, esou wäit ewéi ech dat verstanen hunn, gëtt et de Cercle municipal mat deem Titel net méi.
Op der Websäit vun der Stad Lëtzebuerg fënnt een

Ech proposéieren

Ech waarden op e Konsensus ier ech et maachen. --Cayambe 16:06, 14. Okt. 2011 (UTC)[äntweren]

Den oder de Zerkel[Quelltext änneren]

Moien,

Beim Zerkel schwätzen/héieren ech den "Z" als "S", grad esou wéi beim Cercle. Hunn ech e Sproochfeeler oder sollt et de Zerkel sinn? --Jwh (Diskussioun) 08:09, 20. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]

Den (t)Zerkel --Les Meloures (Diskussioun) 08:11, 20. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]
Also e Sproochfeeler --Jwh (Diskussioun) 08:33, 20. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]
Moin, et ginn déi zwou Aussproochvariante vum franséische(n) /ce-/ a(n) /ci-/, je nodeem, wéi no ee sech dem Original-Lautbild fillt (cf Cent, Cinema, asw). Et ass dofir amA méisseg, ze probéieren, et op eng eenzeg reduzéieren ze wëllen, an deem no flitt oder bleift den /-n/ virdrun. --Zinneke (Diskussioun) 08:48, 20. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]
Jo, wann ee Cercle schreift bestinn ev. déi zwou Méiglechkeeten, mä wann een Zerkel schreift, dann net méi, well dann hu mer jo och kee franséischt Schrëftbild méi. (oder gesinn ech dat falsch?) --Les Meloures (Diskussioun) 09:02, 20. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]
Jo, sécher, den "Z" markéiert jo d'Iwwerhuele vun der [ts]-Aussprooch. Da kann et nëmmen "den Zerkel" sinn.
Hmm, vläit seet de Stater Volleksmond jo och ganz einfach Serkel - ech annuléieren da mol de Rendez-vous beim Logopedist. --Jwh (Diskussioun) 23:39, 20. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]


Lo mol vun der franséischer Aussprooch vum C als S oder SS (schaarfen S) ofgesinn, ginn am Lëtzebuergeschen den Z als tzett an den C als tzee aussgeschwat. Dohier wann d'Aussprooch lëtzebuegesch ass wat jo an 99,99 % vun de Fäll hei sou soll sinn, a wa keen Zweiwel un der Aussprooch ass da spillt d'Eifeler Reegel net. D'Ausnahme sinn z. B. wann den C als K ausgeschwaat gëtt. --Les Meloures (Diskussioun) 12:02, 21. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]

Onstëmmegkeeten am Datum[Quelltext änneren]

Dat aalt Gebai gouf 1901 vun der Stad Lëtzebuerg fir 60.000 Frang kaaft
1868 huet d'Gemeng dunn d'Gebai fir e Jorespräis vu 4.000 Frang un d'Marguerite Faber verpacht
D'Madame Faber huet der Gemeng d'Gebai 1877 fir e Präis vu 75.000 Frang ofkaaf
1901 huet d'Gemeng dunn d'Gebai erëm zréckkaaft (fir 185.000 Frang),


Moien, deen éischten "1901" schéngt dann net ze stëmmen --Jwh (Diskussioun) 20:54, 2. Sep. 2018 (UTC)[äntweren]


Du hues recht. Sou wäit ech erausfonnt hu, koum den Zerkel scho kuerz no 1830 an de Besëtz vun der Gemeng Lëtzebuerg, well de Cercle litéraire beim Bau a finanziell Schwieregkeete koum an dunn d'Gemeng d'Gebai iwwerholl huet an et fäerdeg baue geloos huet. - MMFE (Diskussioun) 08:27, 3. Sep. 2018 (UTC)[äntweren]