Diskussioun:Django Unchained

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Wann d'Äifeler Reegel op "Django" applizéiert gëtt, da muss dat awer am ganzen Artikel d'selwecht geschéien. Ech soen dat am Hibléck op d'Fro, wéi dat am Lëtzebuergesche genee auszeschwätzen ass, absëns well am Film selwer drop higewise gëtt "the D is silent".
En anere Punkt ass eng gewësse Sproochpolice, déi ech relativ deplacéiert fannen. Deemnächst gëtt wuel och "schlecht" an "ongutt" ëmgeännert. Soit, ech hunn en Artikel zum Thema geschriwwen, dat geet mer momentan duer, an ech ginn hei net weider dran editéieren. Wierder si mer schnurz, mee PC dogéint awer guer a glat net. Intressant wier et an deem Kontext nawell, dem Jake Hamilton säin Interview mam Samuel L. Jackson ze kucken, well dee leschtgenannte sech do iwwer falsch verstane Schimmt lächerlech mécht (ok, d'Nachméirikaner hu wéi ëmmer iwwerdriwwen, an an dësem Artikel goung et ëm Neutralitéit an ebe grad net ëm Beleidegungen).
--Otets 17:25, 6. Feb. 2013 (UTC)[äntweren]

Däin "Artikel zum Thema" goung nawell grëndlech dolaangscht; "falsch verstane Schimmt" an "expressesch Hallefwourechte" si mMn zwee puer Schong.--Zinneke (Diskussioun) 23:35, 6. Feb. 2013 (UTC)[äntweren]

The d is silent[Quelltext änneren]

Et gëtt vläicht iergendwou am Film drop higewisen awer nom Trailer op deen um Spaweck higewise gëtt, gëtt sech anscheinend am Film selwer net dru gehalen. --Les Meloures (Diskussioun) 18:19, 6. Feb. 2013 (UTC)[äntweren]

Ech unn de Film gesinn, den, pardon: de Django seet dat effektiv. Et grenzt allerdéngs u Méckepéilerei, an ass och ironesch gemengt.--Zinneke (Diskussioun) 23:35, 6. Feb. 2013 (UTC)[äntweren]