Diskussioun:Eecher Bierg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
  1. Am Artikel steet: D'Rue des Glacis déi .... vu riets dropstéisst, gëtt Alen Eecherbierg genannt. Elo gëtt et awer nach eng aner Strooss, déi offiziell "Ancienne Côte d'Eich" heescht a quasi parallel zu der rue des Glacis verleeft. Ass net déi Strooss gemengt wa vum Alen Eecherbierg riets ass ? Mee déi stéisst net op d'aktuell Côte d'Eich.
  2. Am Artikel steet:
    A. D'Strooss gehéiert zum gréissten Deel zu der N7.
    B. huet se hiren Ufank op der Kräizung mat der N55 op der Eecherplaz.
    Am Artikel vun der Nationalstrooss 7 steet, datt se hiren Ufank an der Stad huet. Also Richtung Süd -> Nord. Den Eecherbierg, dee jo en Deel vun der N7 ass, huet säin Ufank zu Eech, also Richtung Nord -> Süd, genau ëmgedréint. Wier et net méi richteg den Eecherbierg och an der Stad (um roude Pëtz) ufänken ze loosen, zumol well d'Numerotatioun vun den Heiser och do ufänkt ?
    --Pecalux 06:16, 6. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]
Moien
Du hues nawell zimmlech recht. Ech änneren dat mar. Si vun elo un 2 Deeg fort.
Wann et presséiert kann och een aaneren et änneren.
Les Meloures.
P.S.
Alen Eecherbierg gouf verbessert.
D'Beschreiwung vu Bierger gëtt ëmmer um Fouss ugefaangen. Dat huet näischt mat der Beschreiwung vun der N7 ze dinn déi dem Laf vun hire Kilometerpunkte no beschriwwen ass, an iwwer déi iwwregens d'E421, deelweis leeft, déi och den ëmdréinte Wee beschriwwen ass.
Les Meloures 16:32, 7. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

Dass d'Beschreiwung vun engem Bierg um Fouss ufänkt ass normal. Op den Eecherbierg awer e Bierg ass, dat ass net esou sécher, zumol wou am Artikel an der éischter Zeil steet et wier de Numm vun enger Strooss a net rieds geet vun engem Bierg. Ausserdeem gëtt en och ënnert der Kategorie Stroossen an der Stad Lëtzebuerg gefouert.
--Pecalux 16:50, 7. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]


Et ass och aus dem praktesche Gebrauch bei der Beschreiwung vun enger Stross déi an engem Stouss läit. Bei deen fängt d'Beschreiwung ëmmer um déifste Punkt un.
Wa Profiler vun esou Strossen opgestallt ginn, fänkt de Graphique dervunner och ëmmer ënnen un.
Les Meloures 17:40, 7. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

an eng Bemierkung[Quelltext änneren]

Moien, nom geoportail.lu géing net nëmmen de ganzen Eecherbierg, mä och nach d'Rue du Fossé zur N7 gehéieren. Oder kinnt dat dann d'N53 sinn? --Jwh (Diskussioun) 22:51, 18. Aug. 2014 (UTC)[äntweren]

Moien och, dat ass eng gutt Fro. Laut offizieller Lëscht vun de Ponts et chaussées ass et weder d'N7 nach d'N53.
D'N7 kënnt vun der Place de Bruxelles iwwer de Boulevard Royal a geet dann den Eecherbierg erof.
D'N53 mécht d'Verbindung vun der N1 op d'N7, also vum Boulevard Victor Thorn bis d'N7, dat wier eigentlech beim Boulevard Royal an da wier dat Stéck vun der Rue Willy Goergen bis de Boulevard Royal en Deel vun der N53.
Op dëser Kaart vu Ponts et chaussées ass awer nach eng N53A agezeechent, déi net an hirer offizieller Lëscht dran ass, an dat ass dann dat Stéck vun der Rue du Fossé bis bei de Boulevard Royal. Ech géif also proposéieren, wa keen eng besser Erklärung huet, nach en Artikel mat enger N53A ze maachen an den Artikel vum Eecherbierg a vun der N53 ze adaptéieren. --MMFE (Diskussioun) 10:35, 19. Aug. 2014 (UTC)[äntweren]
Ma dat liicht an. Merci fir d'Recherche! --Jwh (Diskussioun) 20:10, 19. Aug. 2014 (UTC)[äntweren]
An der Zwëschenzäit sinn Ännerungen op geoportail.lu gemaach ginn an den Deel tëscht der rue Willy Goergen an der Groussgaass ass net méi als Nationalstrooss agezeechent. Et bleift awer nach dat Stéck tëscht dem Boulevard Royal an der rue Willy Goergen als Nationalstrooss, wou awer net kloer ass op et zur N7 oder zur N53 gehéiert, ech géif awer éischter zur N53 tendéieren, well ech mer esou e Säitenaarm un der N7 net gutt ka virstellen.--MMFE (Diskussioun) 13:46, 18. Aug. 2015 (UTC)[äntweren]
Gudden Owend,
Alles zimmlech komplizéiert, an awer...
Dem Dokument réseau routier défini par la loi du 22 décembre 1995 no, ass de Verlaf vun der N7 vun der place de Bruxelles iwwer de boulevard Royal - côte d'Eich - place Dargent asw. (Säit 7). A beim Verlaf vun der N53 steet (Säit 18), datt si hiren Ufank huet bei der N1 (montée de Clausen) an d'Enn un der N7; dat wär wuel de bd Royal. Deemno ass dat Stéck tëscht der Kräizung Willy Goergen an dem Bd Royal ménger Meenung no nach ëmmer d'N53. --GilPe (Diskussioun) 18:11, 18. Aug. 2015 (UTC)[äntweren]
Merci, du hues Recht, do hat ech nees net sou genau hi gekuckt. An ech hat et souguer selwer virun e puer Joer am Artikel vun der N53 esou dra gesat. :-) --MMFE (Diskussioun) 20:05, 18. Aug. 2015 (UTC)[äntweren]