Diskussioun:Eisebunnsstreck Ettelbréck-Waasserbëlleg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

Huet een eng Ahnung firwat datt déi Streck Dikrech-Iechternach heescht, wa se vun Ettelbréck bis op Waasserbëlleg geet?

Les Meloures 18:30, 15. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

Gëtt elo geréckelt op den Numm wéi en am Gesetz steet war.

Les Meloures 20:29, 16. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

Mäerterter Hafen[Quelltext änneren]

Moien,

Souwäit wéi ech mech erënnere kann, hat dës Linn ni en Uschloss un de Mäerterter Hafen, si hat och ni eng Ofzweigung op d'Lëtzebuerger Streck an d'Gare war och net déi vum CFL. --Les Meloures (Diskussioun) 08:30, 10. Nov. 2020 (UTC)[äntweren]

Merci, den Artikel ass nach En Cours. GilPe (Diskussioun) 16:47, 10. Nov. 2020 (UTC)[äntweren]
Hunn ech eppes bei der EnCours Schabloun net verstanen? --Les Meloures (Diskussioun) 12:37, 12. Nov. 2020 (UTC)[äntweren]
Keng Anung firwat s du, Les Meloures, d'Lëscht vun de Gare verstoppt hues. Keng Anung ob s du eppes bei EnCours net verstane hues. Vläicht hunn ech eppes net verstanen... Dat wat ech elo verstanen hunn: ech huelen d'Schabloun elo ewech an da kanns de den Artikel esou upassen wéi s de dat wëlls. GilPe (Diskussioun) 15:17, 15. Nov. 2020 (UTC)[äntweren]


Moie GilPe
Da fir de Fall wou s de wierklech eppes net verstanen hues:
1) Ech hunn déi Lëscht verstoppt wëll relativ vill falsch dran ass a se sou net konnt fir de Public stoe bleiwen. Ech hat dir hei driwwer nëmmen e puer Saachen opgezielt déi s du mat der phlegmatescher Bemierkung den Artikel wier EnCours ofgedoen hues. Wanns de wëlls kann ech dir de Rescht och nach opzielen.
2) Wat d'Schabloun EnCours betrëfft, sou ass déi just geduecht fir Versiounskonflikter ze vermeiden, awer kee Fräibréif fir Feeler an en Artikel ze schreiwen.
--Les Meloures (Diskussioun) 16:08, 15. Nov. 2020 (UTC)[äntweren]