Diskussioun:François Hollande

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

E léiwe Mataarbechter huet ons eng nei Photo vum Här Hollande an den Artikel gesat, déi de franséische President an enger déck zefriddener suffisanter Pose weist. Ass dat dee Mann vun deem an der franséischer Press sou vill Tamtam ëm seng Liaisoune gemaach gëtt, ëm Verbindunge mat Appartementer déi Persoune gehéieren déi zu der franséischer Kriminalzeen gehéieren asw. asw. Dat alles këmmert d'Wikien am grousse Ganze rose wéineg. Awer mir mache flott mat bei der Polemik ëm eng Rees mat engem Déngschtwon. Ech zweiwelen un der Objektivitéit bei der Wiki. Datt beim Handel vun der Cargolux aus de Landerechter, vun deenen eise Minister geschwat hat an sou gutt wéi sécher duergestallt hat, näischt ginn ass, a wou Milliounen € wann net méi derhannert stiechen, dovu wëesse mer allerdéngs näischt. Wat ass méi wichteg, sou ee Veloscht oder eng Rees mat engem Déngschtauto.?? --Les Meloures (Diskussioun) 09:56, 16. Jan. 2014 (UTC)[äntweren]

Dem Här Hollande säi Privatliewe gëtt duerchaus och an de Wikien dokumentéiert, et brauch een nëmmen z.B. an der däitscher oder englescher Wiki ënner Privatliewen ze kuckenn (anerer hunn ech net gekuckt). Wa bei eis näischt dovu steet ass keen Argument datt et net relevant soll sinn. Op de Rescht ginn ech net a well et op dëser Plaz näischt verluer huet. --MMFE (Diskussioun) 10:22, 16. Jan. 2014 (UTC)[äntweren]
Moien, et ass déi al Leier: vill (zevill) Artikele missten à jour gesat, ausgebaut oder geschriwwe ginn. Driwwer jéimeren déngt net vill, et maache scho méi, an Neier iwwerzeegt ze kréien, matzemaachen, nach méi. --Zinneke (Diskussioun) 10:43, 16. Jan. 2014 (UTC)[äntweren]