Diskussioun:Gaston Zangerlé

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

De Gebuertsdatum schéngt net esou kloer ze sinn, an den Doudesannonce steet nämlech den 19. Dezember 1961 an net den 2. Mäerz 1958 wéi hei uginn (iwwerholl vu Paperjam an Autorenlexikon). Wat soll een do gleewen? --MMFE (Diskussioun) 10:19, 27. Dez. 2017 (UTC)[äntweren]

Am LuxLex steet och 1958. --Les Meloures (Diskussioun) 11:40, 27. Dez. 2017 (UTC)[äntweren]
Skype? Ech krut grad eng séier Äntwert. --Soued031 (Diskussioun) 11:52, 27. Dez. 2017 (UTC)[äntweren]
Ech krut vun engem vum CNL confirméiert datt et 2 Leit gi mam Numm Gast(on) Zangerlé an datt dee vun eisem Artikel en aneren ass wéi dee vum memento. --Soued031 (Diskussioun) 12:01, 27. Dez. 2017 (UTC)[äntweren]
Merci fir déi séier Rektifikatioun. Am Zweifel ass et bei sou Informatiounen besser, e bëssen ze waarden bis op d'mannsst een Online-Medium - rtl, wort, 110,7 -, se confiméiert, wéi dass en se sech härno als Iertum erausstellen... --Zinneke (Diskussioun) 13:10, 27. Dez. 2017 (UTC)[äntweren]
Ech schenken iech mäi ganzt Vertraue well der alleguer är Aarbecht gutt maacht ;), nächst Kéier passen ech op ier ech ofschreiwen. --Soued031 (Diskussioun) 13:25, 27. Dez. 2017 (UTC)[äntweren]