Diskussioun:Geographeschen Zentrum vu Lëtzebuerg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Interessant wier an deem Kontext nach, wéi an ob d'Musel, Sauer an Ouer an der Berechnung berécksiichtegt gi sin, oder net. Immerhin sinn dës dräi Flëss gemeinschaftlechen Territoire vun Däitschland a Lëtzebuerg. Domadden ass d'Grenz hei keng präzis Linn, mee quasi dee ganze Floss... Respektiv ass d'Grenz vu Lëtzebuerg op der Däitscher Säit vun der Musel, an d'Grenz vun Däitschland op der Lëtzebuergecher Säit vun der Musel. Wier interessant, wann een am Artikel dorobber nach agoe kéint, also wou genee hei d'Grenz fir d'Berechnung ugeholl ginn ass. --158.64.160.154 18:17, 28. Dez. 2021 (UTC)[äntweren]

Wann s de den Artikel genee gelies häss (oder alles richteg verstanen häss) dann hätts dat hei guer net bräichten ze froen. --2A02:A03F:A199:6C00:B118:E077:A7C7:B64C 18:42, 28. Dez. 2021 (UTC)[äntweren]
Also ech hunn den Artikel elo grad gelies, an ech ginn deem éischte Kommentar recht dass kinnt preziséiert ginn, wéi de Kondominium mat Däitschland an der Berechnung berücksichtegt gouf (gouf dee ganz, hallef oder guer net mat "op d'Wo geluecht"?). Déi Äntwert am baupsegen Tounfall hätt deemno net misse sinn (Ech kenne mech selwer zum Thema net aus a kann och net bäidroen, wat eis viruféiere kinnt). --Zinneke (Diskussioun) 20:33, 28. Dez. 2021 (UTC)[äntweren]
Moien och,
D'Grenzen am Kader vum Kondominium sinn en administratiivt Ofkommes, an hunn näischt mat der geographescher Situatioun ze dinn. D'geographesch Grenze vun enger Baach oder engem Floss leien ëmmer um Thalweg. Vläicht kann een um Kadaster nofroe wéi déi dat gemaach hunn. Déi hunn doutsécher all d'Opmoossen do leien --Les Meloures (Diskussioun) 21:25, 28. Dez. 2021 (UTC)[äntweren]
An engem aneren Artikel op dëser Wiki seet een de geographeschen Zentrum wier mat der Schwéierpunktmethod festgestallt ginn. Et wier da gutt fir ze wëssen op dat stëmmt. Da misst dat jo och an dësem Artikel gesot ginn. Dat wier op d'mannst eng Prezioun méi. --Les Meloures (Diskussioun) 11:36, 30. Dez. 2021 (UTC)[äntweren]
Fir déi topographesch Rechnunge gouf de World Geodetic System 1984 (WGS 84) gebraucht. Ech gleewe kaum datt deen eppes iwwer de Kondominium weess. --Les Meloures (Diskussioun) 12:06, 30. Dez. 2021 (UTC)[äntweren]